Ass ee mol bis rosen kann et sinn, dass ee sech net méi am Grëff huet a Saache seet déi een dono bereit. Ma et gëtt een Trick fir dat ze vermeiden.

Lauschtert eran

Heiansdo huet ee Situatiounen an deenen ee sengem géigeniwwer am léifste wéilt un den Hals sprangen. Ma wann ee wëll gutt duerch e Sträit kommen, da soll ee genau esou net reagéieren.

Dacks eskaléiere ganz kleng Situatiounen nëmmen doduerch, dass ee vu béide sech ugegraff a verletzt vill. Dat féiert deemno dozou, dass déi betraffe Persoun sech verdeedege wëll a  genau esou Uschëllegungen zeréck feiert.

Hutt der deemnächst eppes um Häerz leie wat der onbedéngt wëllt lass ginn, da probéiert et mat deem esou genannten Ech-Message. Domat gräift der äre Géigeniwwer net esou un an dëse reagéiert logescherweis och anescht.

E Beispill wär hei wann de Partner éiweg ze spéit kënnt a mol net Bescheed seet. Déi meescht maachen dann esou Aussoe wéi: ,,Du gees mer op den Nerv domat, dass de ni pünktlech bass.‘‘ Besser ass et hei, dee Saz en deen Ech-Message ze verwandelen. Ideal wär also dës Ausso: ,,Et nervt a mécht mech rosen, wann ech op dech waarde muss an ech mer Gedanke maache wous de bleifs.‘‘

Déi kleng Changementer am Saz bewierken hei Wonner a féieren dozou, och e kriddelegt Thema, agreabel iwwert d’Bün kënnen ze bréngen.