Dës Decisioun ass d'Resultat vun engem gesellschaftlechen a politesche Prozess, deen sech iwwer e puer Joerzéngten ofgespillt huet.

D'USA ass eent vu 14 Länner op der Welt an deem et Doudesstrof nach gëtt. Ma an den USA kann d'Doudesstrof esouwuel op nationalem Niveau, ewéi och vun deenen eenzele Bundesstaate verhaange ginn. Ee Bundesstaat, an deem d'Doudesstrof nawell zimmlech exzessiv ugewannt gouf ass de Bundesstaat Virginia. Nëmmen am Texas goufe bannent de leschte 45 Joer méi Leit staatlech sanktionéiert ëmbruecht.

Ma d'lescht Woch gouf am Parlament vu Virginia e Gesetz gestëmmt, mat deem Doudesstrof am Bundesstaat ofgeschaaft gëtt.

Wéi kënnt et dann, dass e Bundesstaat an deem d'Doudesstrof esou vill ugewannt gouf, dës op eemol ofschaaft?

Ma dës Decisioun ass d'Resultat vun engem gesellschaftlechen a politesche Wandel, deen sech iwwer Joerzéngten ofgespillt huet. Virop muss ee wëssen, dass Virginia ronderëm d'Haaptstad Washington DC läit. Vill Leit, déi zu Washington am Kapitol an an de Ministère schaffen, wunnen also am Bundesstaat Virginia. Ma wärend vill vun dëse Leit fréier zimmlech konservativ Meenungen haten, hunn déi nei amerikanesch Staatsbeamten ëmmer méi dacks eng éischter liberal Astellung. Dobäi kënnt dann nach, dass d'Loyeren a Virginia relativ niddereg sinn. Doduerch entscheede vill jonk Leit sech dozou zu sech am Bundesstaat nidderzeloossen.

Lo ass et kee Geheimnis, dass déi jonk a liberal Leit an den USA éischter d'Demokrate wielen. Ma genee dat ass am Virginia geschitt. Vue, dass d'Demokraten an den USA géint d'Doudesstrof sinn, dierft et dann och net iwwerraschen, dass d'Doudesstrof am Virginia elo ofgeschaaft gouf.

Domadder sinn et dann elo 23 Bundesstaaten an den USA déi d'Doudesstrof ofgeschaaft hunn. 28 Bundesstaaten wennen d'Doudesstrof den Ament allerdéngs nach un.

Lauschtert hei de Reportage!