Dëse Weekend ass an de Rotonden deen éischten Deel vum "Multiplica"-Festival.

Lauschtert hei de Reportage

D'Digitaliséierung ass Deel vun eisem Alldag – net just an eisem Beruff an an eisem Privatliewen spillen nei Technologien eng Roll, mee och verschidde Kënschtler setzen op digital Kreatiounen. Ze gesi kritt een déi zum Beispill dëse Weekend an de Rotonden- op hirem Festival "Multiplica".

An de leschte puer Joer huet de Multiplica-Festival sech zu engem vun de wichtegsten Eventer vun de Rotonden entwéckelt. De Festival leeft bis Dezember iwwer 4 verschidde Weekender- deen éischten Deel fänkt dëse Freideg un. Verschidden Expositiounen, Workshops an audiovisuell Concerten dréinen ronderëm d‘Digitaliséierung. Ze gesinn ass zum Beispill dëse Freideg eng Kollaboratioun tëscht dem däitsche Museker Frieder Nagel an dem visuelle Kënschtler Maotik.

RTL

© Rotondes

Et geet um Festival awer net just drëm, digital Konscht ze weisen, mee sech och kritesch mat den neien Technologien auserneen ze setzen.

RTL

© Rotondes

Weider Informatiounen fannt der um Internetsitte vun de Rotonden.