Huet ee seng Etüde bis gemaach, heescht et an d'kaalt Waasser sprangen a sech en Job sichen. Ma wéi geléngt engem dat am beschten?

Lauschtert eran

Wann een d'Schoul oder d'Uni bis hannert sech huet, da geet eigentlech eréischt den Eescht vum Liewe lass. Den Internet an och eventuell Zeitunge ginn no potentiellen Aarbechten duerchsicht. Huet een da bis eppes fonnt, heescht et eng Demande ze schreiwen a sech deemno virstellen ze goen. Do gëllt et natierlech op Verschiddenes opzepassen a Feeler ze vermeiden. Hei sinn déi Feeler op déi een oppasse soll.

An ärem Liewenslaf sollt der onbedéngt op Lige verzichten. Deen een oder anere wäert mengen, dass e bësse Geflunkers net schlëmm ass. Ma dat kann no hanne lassgoen, well spéitstens am Entretien wäert ären zukünftege Patron alles ënnert d’Lupp huelen, woubäi dann och kleng Lige séier kënnen eraus kommen

Probéiert och net an een ze labbert Gespréich ze verfalen. D’Laachen op de Gesiichter vun de Leit vis a vis kann ee mol dozou verféieren, dat ganzt méi labber ze huele wéi et ass. Bleift deemno souverän a professionell. D’Hänn gehéieren net an d’Täsch mee op den Dësch. Probéiert esou Sachlech wéi méiglech op d’Froen ze äntweren an notzt och d’Geleeënheet Froen iwwert de Betrib ze stellen.

Schwätzt och net ze vill iwwert är al Aarbecht an zitt och w.e.g net iwwert den Ex-Chef oder al Aarbechtskolleegen hier. Dat weist zwar, dass der op der aler Schaff net zefridde waart, ma awer och, dass der iwwert de Cheff hierzitt. E Verhale wat jo och bei deem neie kéint optrieden. Hei gëllt de bekannte Sproch: Manner ass méi!

Fir de Recht sidd frëndlech an authentesch. Äntwert präzis op d’Froen a sidd ëmmer héiflech, da misst dat mam Dramjob scho klappen.