E Filmowend doheem virun der Televisioun. Eigentlech näischt Neies. Ma gitt kreativ a gestalt dee ganze Raum ëm.

Lauschtert eran

Wann ee scho vill Zäit muss doheem verbréngen, da kann ee sech och mol déi eng oder aner afale loossen. E Beispill wär hei de Kino an den eegene véier Wänn. Natierlech huet elo net jiddereen ee risege Sall an deem en e Beamer an Leinwand kann opriichten, ma den eigentleche Kinofeeling ka jidderee sech zauberen.

Fänke mer mol mam Raum un an deem der e Film wëllt kucken. Probéiert dëse fir dee speziellen Owend ze veränneren. Dat mécht dat ganzt méi spannend a speziell. Schaaft Plaz virun der Tele, stellt bequem Still dohin oder eventuell esouguer grouss Këssen an deenen ee versenke kann.

Esoubal dat gemaach ass, maacht der iech un de Sound. Ok net jiddereen huet ee Surround-Sound-System, ma do ginn et awer e puer flott alternativen, wéi zum Beispill eng Soundbar oder eng Soundbase. Dës Geräter erzeugen ee virtuelle Surround-Sound a sinn och zimmlech kompakt, d.h vill Plaz brauch een net.

Zu gudder lescht nach den Display. Do ass et iech iwwerlooss ob der alles beim ale wëllt loossen oder ob der eng nei Televisioun wëllt kafen. 4k Teléeën si mëttlerweil net méi esou deier a fir e puer honnert Euro huet een do schonn een neit Gerät. Dat ass iech elo selwer iwwerlooss. Eng aner alternativ ass e klenge Beamer mat engem Lëllduch opzestellen, wat iwweregens och net méi esou deier ass wéi nach virun e puer Joer.

An elo vill Spaass beim Filmowend.