Déi nei Etikette sollen et dem Client méi einfach maachen energieeffizient Produiten ze kafen an doduerch laangfristeg Suen ze spueren.

Haushaltsapparater déi zu Lëtzebuerg verkaf gi musse laut EU-Recht mat enger spezieller Etikett gekennzeechent sinn. Dës soll doriwwer informéiere wéi vill Stroum de Produit verbraucht. Ma an de leschte Jore sinn dës Etiketten ëmmer méi oniwwersiichtlech ginn an hunn dacks méi fir Verwirrung wéi fir Kloerheet gesuergt. En neie System soll dat elo änneren.

Et gesäit een se op enger ganzer Rei Haushaltsapparater. Vun der Spullmaschinn, iwwert de Frigo, bis hin zum Fernsee. Kleng Pechbiller op deene Buschtawe vun A bis G stinn. Déi meescht Leit wëssen, dass dës Buschtawen iwwert den Energieverbrauch vun de verschiddenen Haushaltsapparater informéiere sollen. A steet hei fir Apparater déi wéineg Stroum verbrauchen a G fir Apparater déi e besonnesch héije Stroumverbrauch hunn.

Deelweis gesäit een och Pechbiller op deenen en A mat engem oder méi Plussen ze gesinn ass. Dëst fir besonnesch energieeffizient Apparater ze kennzeechnen. Ma well an der lescht ëmmer méi Hiersteller besonnesch energieeffizient Apparater produzéieren, sinn dës Etiketten an de leschte Joren ëmmer méi dacks opgetaucht.

Well dat fir Verwirrung bei de Konsumente suergt, huet d'EU-Kommissioun decidéiert, dass vum éischte Mäerz un nei Etiketten agefouert ginn. Op dëse sinn dann nëmmen nach d'Buschtawen A bis G ze gesinn. Wann een en A op der Etikett gesäit, kann een also sécher sinn, dass et sech ëm e méiglechst energieeffiziente Produit handelt. Mat dëser Ännerung soll der EU-Kommissioun no fir de Konsument méi liicht ginn en energieeffiziente Produit ze kafen an doduerch laangfristeg Suen ze spueren.

Doriwwer eraus wäerten op den Etikette vun de Wäsch- a Spullmaschinnen eng ganz Partie nei Informatioune stoen. Esou zum Beispill wéi laang den Energiespuer-Modus fir eng Wäsch, respektiv Spull brauch. Ausserdeem wäert de Client och doriwwer informéiert gi wéi vill Stroum eng normal Wäsch oder Spull brauch a wéi vill Stroum der 100 verbrauchen.

Vum 1. Mäerz u wäerten déi nei Etikette fir Frigoen, Tifküler, Wäsch- a Spullmaschinnen, Wäschmaschinne mat integréiertem Trockner, Luuchten a Fernseeën obligatoresch sinn. Duerno wäert déi nei Etikett schrëttweis och fir aner Produiten agefouert ginn. Esou wäerte Pneuen den neie Label vum Mee un hunn. Op Trockner, Staubsauger, an Iewen muss déi nei Etikett eréischt vun 2024 un ze fanne sinn an op elektreschen Heizungen ass den neie Label eréischt ab 2026 Flicht.

Bis den 18. Mäerz vun dësem Joer wäert iwwerdeems eng Iwwergangsléisung gëllen. Esou laang dierfen nach Apparater, op deenen déi al Etiketten ze fanne sinn, verkaf ginn. Deemno kann et dann och sinn, dass een Apparater op deene béid Etikette pechen am de Butteker fënnt. An dësem Fall ass et esou, dass de Stroumverbrauch, deen op den neien Etikette steet méi no un der Realitéit ass.