2-2-2 Reegel gouf vum Whitson Gordon, engem amerikanesche Blogger, entwéckelt, a soll hëllefen d’Bezéiung interessant an dynamesch ze halen.

Lauschter hei!

Eng Bezéiung ass eppes Flottes. Fir datt och alles flott bléift, kann ee sech déi sougenannten "2-2-2" Reegel zu Häerzen huelen. Och wa verschidden Aktivitéite vun dëser Reegel den Ament villäicht net méiglech sinn, kann ee sech d’Reegel awer am Hannerkapp halen. Se ass nämlech ganz einfach!

Déi éischt "2" vun eiser 2-2-2 Reegel soll drun erënneren, ongeféier all 2. Woch an e Restaurant ze goen. Am beschten dot der Iech dofir och e bësse méi schick un a maacht e speziellt Event dorausser. Et gesäit een de Partner jo dacks genuch am Schlab­ber­look, an elo am Homeoffice villäicht och nëmmen nach esou.

Déi zweet "2" steet fir d’Méint. Et soll een nämlech probéieren all 2. Mount e Weekend zesummen ze verbréngen. Do kann ee quasi alles maachen, vun engem klenge Road-Trip bis zu engem Wellness-Weekend. Dat wichtegt ass datt een de Weekend alt net doheem verbréngt, mee zesummen aktiv ass. A wann der Kanner hutt, och déi emol bei der Famill oder de Kolleege loossen. Esou Aktivitéiten zu 2, schweessen nämlech zesummen a reduzéiere Stress.

Déi lescht "2" representéiert d’Joer. All 2 Joer soll een deemno mat sengem Partner an d’Vakanz fueren, an dat och am Beschten just zu Zwee. An dëser Vakanz soll een dann och den Handy ausschalten an d’Aarbecht vergiessen. Well esou kann ee seng Zweesamkeet am beschte genéissen an nei gemeinsam Erënnerunge schafen.

2-2-2 Reegel ass also eng einfach Ieselsbréck fir d'Bezéiung e bësse méi peppeg ze halen. Esou bleift een an der Koppel och méi aktiv an et fänkt een net u sech géigesäiteg ze langweilen.