D'Hannah huet 21 Joer. Hatt gehéiert zu deene ronn 30'000 Leit déi hei eng seele Krankheet hunn. An engem Interview huett hatt eis seng Geschicht erzielt.

Den 29. Februar, respektiv, den 28. Februar wa kee Schaltjoer ass, steet am Zeeche vun de seelene Krankheeten. D'Hannah huet eis seng Geschicht erzielt.

Scho vu Kand un hat d'Hannah Réckewéi. Ee klenge Bobo kéint ee mengen. Ëmmer nees gouf gekuckt wat et kéint sinn. Ouni Resultat. Mat 15 war d'Péng dunn esou schlëmm, dass geröntgt gouf. Do gouf dann eng Spondylolisthesis entdeckt. Eppes wat eigentlech nëmme bei esou jonke Persoune virkënnt wa se een Accident haten.

Doropshi gouf d'Hannah an enger Uniklinik am Saarland operéiert. Den Agrëff u sech ass gutt verlaf. Ma et hat awer eng Bakterie sech an der Wonn festgesat. Doduerch huet sech Eeter gebilt. Nees krut d'Hannah net gegleeft. Eréischt no 9 Méint, an deenen d'Dokteren näischt fonnt hunn, ass d'Hannah nees an Däitschland operéiert ginn. Do sot den Dokter him, dass et "5 op 12" gewiescht wier. Wier et 24 Stonne méi spéit komm, wier et un enger Sepsis gestuerwen. Ma och domat war dem Hannah säi Wee duerch d'Spideeler net fäerdeg. Et goufe weider OP'en, dat och an der Schwäiz. Besonnesch dësen Dokter ass dem Hannah immens positiv an Erënnerung bliwwen. Hatt selwer bezeechent hien als "Halbgott in Weiss". Dat awer net nëmme wéinst senger Expertise. Ma och well een hei säi séilege Schued gesinn hätt, an déi jonk Fra deementspriechend encadréiert gouf.

Lauschtert hei dem Hannah säi ganzen Témoignage

Well mat 15 Joer, dee Moment wou d'Hannah fir d'Éischt operéiert gouf, steet ee jo eigentlech nach voll am Liewen. Fir d'Hannah war domat awer vun Haut op Muer Schluss. Een "normalen" Teenager ze sinn war net méi méiglech. Besonnesch batter: Kolleegen a Bekannten déi sech vun em ewech gedréint hunn. Dobäi, dat seet d'Hannah selwer, hätt et jo verstanen, dass een net hätt wéilten an d'Spidol laanschtkommen. Dass et ze verstoe wier, wann d'Kolleegen hatt net wollte leide gesinn. Ma d'Funkstille wier awer besonnesch schlëmm gewiescht. Eebe keng Erklärung ze kréien.

Bei der ALAN am Besonneschen fillt d'Hannah sech wierklech verstanen. Hei kritt hatt een Encadrement, op administrativem, psycheschen, an och moraleschem Plang. Ofgesi vum medezineschen. Fir d'Hannah ass et wichteg, dass ee versteet, dass ee Kranken, net ëmmer krank ausgesäit. Wann een d'Hannah esou gesäit an héiert, denkt ee sécher net, dass hatt schonn esou schwéier Saachen erlieft huet. Fir seng Zukunft mécht sech d'Hannah zu engem gewëssen Deel Suergen. Dat virun allem wann et ëm d'Schaffe geet. Ass normaalt schaffe méiglech? A versti mäi Chef oder och meng Mataarbechter, dass et heiansdo net geet? Dëst ass ee wichtege Punkt. Nëmmen duerch een eegene Salaire ass et méiglech eng Zukunft fir sech opzebauen. An awer léisst d'Hannah sech dovun net total ënnerkréien. Aktuell ass et am Gaangen eng Ausbildung als Ernärungsberoderin ze maachen.