Verschidde Leit mussen agesinn, dass se net all Beräich en Expert kënne sinn. Mee wéi bréngt een engem dat bäi?

Lauschtert eran

An Zäite vu Corona fält engem sécher op, dass säit bal engem Joer just nach d'Thema Covid-19 ënnert de Leit ass. Et ass ee Sujet deen dominéiert vu mueres bis owes an dat 24h op 24h. Esou ass et och ganz normal, dass ënnert den Diskussioune sech deen een oder anere möchtegern Expert befënnt. Eng Persoun déi alles besser wësse wëll an dat obwuel se an deem Beräich absolut keng Erfarungen huet.

D'Fro ass elo, wéi een ee selwer ernannten Expert roueg stelle kann. De brittesche Philosoph Bertrand Russell hat scho gesot:,, De grousse Problem ass, déi domm si sech hirer Saach esou sécher wärend déi Schlau voller zweiwel sinn''.

D'Léisung fir dee ganz Problem steet eigentlech schonn am Zitat dran. Wa sech d'Weisheet duerch Zweiwel äussert, da soll grad dat, bei deenen déi keng Anung hunn, Onsécherheet ausléisen. Ma leider ass dat net de Fall.

Wann der also nächst Kéier ee selwer ernannte Corona-Expert virun der Nues sëtzen hutt, da probéiert dëse mat Froen ze konfrontéieren op déi eng keng Äntwert huet. Hutt der et zum Beispill mat engem ze dinn dee sech selwer als Expert gesäit a punkto Impfen, da sot em e soll mol de Prinzip vun engem mRNA-Impfstoff erklären.

Et ass egal wann ee selwer keng Äntwert ob déi Fro huet. Déi gedeelte Gefiller vun der Onwëssenheet sollen hei verbannen a béid Parteien dozou bréngen den Experten dee Sujet ze iwwerloossen. Heiansdo muss een eben agesinn, dass een net alles wësse kann.