Dank dem Klimawandel ass d´Fréijoer e bëssi méi frei zu Berlin. Mee an enger Weltstad wei Berlin kann dat matten a Coronazaiten no hanne lass goen

Lauschtert hei de Reportage

Et war eréischt Skivakanzefeeling an d´Berliner sinn all mam Schlitt vun A no B gezu ginn. Knapp eng Woch dono huet
d´Fréijoer ugefaangen an gefillt ganz Berlin ass dobaussen…
d´Wencke mattendran!

Allerdéngs mat Mask wann ech laanscht vill Leit gaange sinn. Vun 2 Persounen aus 2 Haushälter kann een bei deem wat ech hei gesinn hunn awer net méi schwätzen. Ëmmerhin ginn net wei d´lëscht Joer em des Zäit illegal Boots-Rave-Partien um Waasser gefeiert.  Zanter Mëtt Dezember kann een hei näischt anescht méi maachen wéi spadséieren ze goen oder säi Liblingsiessen beim Liblingsrestaurant sichen ze goen oder ze bestellen an dat mat nach enger Persoun aus engem aneren Haushalt ze genéissen. Dat ass de Maximum u Glécksgefiller ausserhalb vum Homeoffice. D´Berliner si midd vun de Restriktiounen. Dausende Leit waren um éischten verfréiten Fréijoersdag dobaussen. Dem Klimawandel säi Dank! D´Sonn gouf genoss, et ass zesumme gelaacht, Béier gedronk an deelweis och scho gegrillt gin. Dobäi sinn och kleng Gruppen definitiv net erlaabt. Honnerte vu Leit hunn applaudéiert an gegröhlt wei ee Mann am Mauerpark vu Polizisten un d´Ofstandsreegelen an den Alkoholverbuet am Park erënnert gouf. Den Applaus ass net un d´Beamte gaange mee un de Mann, deen et sech net huele gelooss huet d´Sonn ze genéissen an de Beamten frech ze äntweren. De Mauerpark wou soss de gréisste Berliner Floumaart stattfënnt huet engem Festival geglach. Ech war iwwerdeems um Ufer vum Landwehrkanal zu Kreuzberg an do war Volleksfeststëmmung. Op der enger Säit war ech selwer mattendran, allerdéngs just mat enger Persoun aus engem aneren Haushalt an op der anerer Säit denkt ee sech wann een all déi Leit gesäit: Ole ole, déi 3. Well ka kommen! Di nächst puer Wochen gëtt decidéiert wei et hei soll weidergoen. Duerch de Besoin no Sonn genéisse mat Frënn kéint dat awer no hanne lassgoen. Et heescht weider op d´Zänn bäissen. LG vu Berlin!