Et gi Lidder déi een dacks um Radio héiert mee et kennt een net onbedéngt de Kënschtler. Entdeckt hei den Tom Grennan.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

U sech ass den brittesche Sänger Tom Grennan guer net onbekannt an der Musekszeen. 2016 war säi Lidd "Something in the Water" gutt ukomm an 2017 ass him den Duerchbroch gelonge mat "Found What I’ve Been Looking For". Säin éischten Album "Lighting Matches" war 2018 erauskomm an hat gutt Kriticke kritt.

Et war awer eng Zäit roueg ëm de Songwriter ginn an d’lescht Joer ass hien da mam Lidd "This Is The Place" zeréckkomm. Dem Tom Grennan säi Liewen a seng Karriär hätte ganz anescht kënnen ausgesinn: mat 18 Joer gouf hie ganz schro blesséiert wéi eng Grupp Onbekannter hien zerklappt a beklaut haten. Den elo 25-Järege wollt u sech och net Sänger gi mee Profi-Fussballspiller.

Elo awer ass de Museker esou beléift dass wéinst sengem virtuelle Concert ugangs Februar eng speziell Online-Plattform ofgestierzt ass well ze vill Fans sech ageloggt haten. Zum Grennan sengen neisten Hits gehéiert "Little Bit of Love".

2018 war den Tom Grennan fir d’éischt op Lëtzebuerg an den Atelier komm. E weidere Concert ass fir den 28. Abrëll an de Rotondes geplangt, wann déi aktuell sanitär Situatioun et erlaabt. Dem Tom Grennan säin 2. Album "Evering Road" kënnt op allefalls sécher de 5. Mäerz eraus!