E Mann aus Éisträich krut e Protokoll vu 40 €. Ma am entspriechende Bréif huet et geheescht, dass hien als Ersatz och fir 18 Deeg an de Prisong goe kéint.

Wien hei zu Lëtzebuerg mam Auto ënnerwee ass, muss een sech un eng Partie Reegelen halen. Wien zum Beispill tut ouni, dass et muss sinn, muss eng Strof vun 49 Euro bezuelen. Ma e Mann aus der éisträichescher Stad Enns krut dowéinst eng däitlech méi hefteg Strof.

Dësen hat nawell net schlecht gestaunt, ewéi hien seng Post opgemaach huet. Well hien ouni Grond d'Tut vu sengem Auto betätegt hat, sollt hien entweder e Protokoll vu 40 Euro bezuelen oder awer als Ersatz ganzer 18 Deeg an de Prisong goen.

Ma wat war hei geschitt?

Eent virewech. De Mann streit net of, dass hien effektiv getut hat. Géigeniwwer enger éisträichescher Zeitung sot hien, dass hien den 22. Februar mam Elektroauto vu senger Aarbecht op der Haaptplaz vun der Stad Linz ënnerwee war. Deen Ament war do eng Demonstratioun géint d'Corona-Mesurë vun der éisträichescher Regierung am Gaang. Deementspriechend vill Kaméidi war dann och op de Stroossen.

Wéi 2 Jugendlecher an d'Géigend vum Auto komm sinn huet de Mann dowéinst gefaart, dass si den Auto net bemierke géifen. Dowéinst hätt hien eng Kéier kuerz getut fir si ze warnen. Dat wier engem Polizist, deen d'Demonstratioun beobacht huet wuel onangeneem opgefall. Dësen hätt doropshi wuel e Protokoll geschriwwen. Dem Mann no hätt de Beamten hien awer och direkt op säi Verhalen uschwätze kënnen. Hien hätt nämlech, nodeems hie getut hat, e puer Minutte bei enger roude Luucht gestanen.

Well de Mann ausserdeem der Meenung ass, dass d'Tuten néideg war fir déi zwee Jugendlech ze warnen, wëll hien elo Recours géint de Protokoll aleeën.

Ma zumindest an enger Saach wäert hie wuel Erfolleg hunn. Op Nofro vun der Zeitung huet et vun der Police vu Linz nämlech geheescht, dass et sech bei der Prisongsstrof wuel ëm e Feeler handele géif. Wéinst engem Protokoll vu 40 Euro misst een nämlech mol keng 18 Stonnen an de Prisong goen.

Lauschtert hei de Reportage!