De mënschleche Kierper ass ee komplexen Organismus. Verschidde Mechanisme féieren dozou, frou oder traureg ze sinn, virun allem mierkt een et am Fréijoer.

Lauschtert eran

Fir schonn direkt kloer ze stellen: Jo d’Fréijoersgefiller ginn et wierklech! Et gëtt nämlech effektiv esou eppes wéi eng Erhuelung nom Wanter. Virun allem läit dat un der Hellegkeet, déi e positiven Effekt op eis huet. Da wär do nach d’Temperatur déi sech kloer erhéicht an ee sech doduerch méi wuel fillt.

Eis Hormoner spillen deemno verréckt. Melatonin ass hei een Hormon wat de Schlof fërdert a gëtt virun allem an der Nuecht produzéiert. Well et am Wanter méi laang däischter ass, ass deen Hormonspigel och am Dag méi héich an et villt ee sech midd. Wann et méi laang hell ass, si mer deemno méi wakereg an aktiv, woubäi och d’Gléckshormon Serotonin ausgeschott gëtt.

Bei de Männer huet d’Fréijoer dee gréissten Effekt. Am Fréijoer an am Summer gëtt nämlech méi vum Sexualhormon Testosteron produzéiert. En Hormon dat iwweregens och fir d’Psych wichteg ass. Ass den Testosteronspigel erhéicht, fillt sech e Mann méi wuel. Bei de Frae gëtt et dee Joresrythmus par contre net.

Deemno sinn d’Fréijoersgefiller eng Mëschung aus manner Meltaonin a méi Serotonin, duerch méi Luucht. Wien déi Gefiller ganz bewosst wëll verstäerken, deem gëtt recommandéiert Sport ze maachen a sech vill dobaussen opzehalen, esou de Prof. Alexander lerchl géigeniwwer vu berlin.de