Am Internet gëtt behaapt dass Kornischong mat Zocker no Waassermeloun schmaacht. Mee kann dat sinn? D'Chich an de Charel hunn et einfach mol getest!

An der Eldo MorningShow ginn ëmmer rëm skurril Iesstrends getest. Dës Kéier geet et ëm Waassermeloun.

Op der sozialer Plattform TikTok kurséieren an der lescht Videoen, an deene behaapt gëtt, dass wann ee Korningschongs-Scheiwen hëlt an dorop e bëssen Zocker mécht, dass dat dann no Waassermeloun schmaacht.

Heescht dat, dass mir an Zukunft komplett op Waassermeloun verzichte kënnen, a just nach zur Kornischong gräifen?

Ouni et selwer getest ze hunn, kann een net matschwätzen, dofir hunn d'Chich an de Charel aus der neier Eldo Morningshow dat mol um Dënschdegmuere getest.

An dobäi waren sech déi Zwee eens/net eens:

Charel: " Fir mech schmaacht et mega séiss an erfrëschend. Et ass ganz änlech wéi Waassermeloun mee net grad, ech géif dat jiddefalls och esou iessen."

Chich: "Ech fannen et schmaacht definitiv no Waassermeloun, virun allem den No-Goût, et ass eng gutt Alternativ wann ee Bock op Waassermeloun huet, awer grad keng do ass. Et sollt een et awer net mam Zocker iwwerdreiwen. Eng Original-Waassermeloun ass awer besser"

Fazit: Kornischong mat Zocker schmaacht no Waassermeloun, fir déi eng méi, fir déi aner manner.

Test et einfach mol selwer :-)

Är Eldo MorningShow

Chich & Charel

RTL

© Eldoradio