Stellt iech Miami ouni Palme fir. Eng Virstellung déi an deenen nächste Joren no an no Realitéit gëtt.

lauschtert eran

Wann een un New York denkt, kënnt engem d'Fräiheetsstatue an de Kapp. Denkt een u Paräis, dann ass et den Eiffeltuerm deen engem an de Sënn kënnt. Ma och Miami léisst ganz speziell Gefiller aus virun allem awer de Gedanke vu Mier, Strand a Palmen. An Zukunft wäerten do awer virun allem d'Palmen ewech falen.

Den US-Bundesstaat Florida gëllt wéinst senger Lag beim Mier als besonnesch duerch de Klimawandel bedreet. De Mieresspigel klëmmt, zu Miami Beach féiert dat schonn dozou, dass d'Grondwaasser klëmmt an Iwwerschwemmungen ëmmer méi heefeg ginn. Ausserdeem kënnt et do elo ëmmer méi zum ''heat island''-Effekt. Stroossen a Gebaier späicheren Hëtzt esou, dass d'Temperatur an der Stad méi héich ass wéi ronderëm an och an der Nuecht killt et deemno net of.

Fir deem entgéint ze wierke sollen d'Palmen aus Miami verschwannen. Et ass nämlech erweisen, dass Beem ee vun deenen effikasste Mëttel si fir d'Auswierkunge vum Klimawandel ofzeschwächen. Dofir si Palmen allerdéngs manner ideal an dofir wëll d'Stad elo Beem wéi zum Beispill Eechen zeréck gräifen. Déi hunn nämlech ee siwe mol méi héije positiven Effekt op d'Ëmwelt wéi d'Palmen.

An deenen nächste Woche solle ronn 1000 Palmen zu Miami Beach ewech geholl ginn. Ma et kann een awer berouegen, well d'Palme verschwannen net all. Se wëllen nämlech vun elo u keng nei Palme méi planzen, mee aner Bamaarten notzen.