Et gi verschidde Säiten am Internet déi et engem erméigleche mat Frënn op Distanz e Gesellschaftsspill ze spillen.

Lauschtert ean

Säit quasi engem Joer héiert ee reegelméisseg de Saz: Bleift Doheem a grenzt är sozial kontakter op ee Minimum an. Eng Opfuerderung dären Ëmsetzung ëmmer méi schwéier gëtt, wat d'Pandemie méi laang dauert. Et probéiert een also sech virtuell mat de Kolleegen ze treffen an och eventuell iwwer Videokonferenz e flotten Owend zesummen ze verbréngen.

Wéi wär et zum Beispill mat Spiller, déi ee ganz einfach iwwert den Internetbrowser maache kann. Stadt-Land-Fluss ass do zum Beispill eppes wat mol gär gespillt gëtt, genau esou wéi d'errode vun Zeechnunge bei Tabu. Ma genau déi Spiller kann ee ganz einfach iwwert den Internet mat senge Kolleege spillen.

Ugefaange mam Site www.stadtlandfluss.cool . Hei kënnt der e puer Kategorien auswielen an dann de Link deen der ugewise kritt kopéieren an de Kolleege schécken. Déi brauche just de Link unzeklicken a scho si se am Spill dran. Dir hutt esouguer d'Méiglechkeet eege Kategorien dobäi ze setzen.

Wien dann éischter Loscht op eppes aneres huet dee ka mol op www.skribbl.io laanscht surfen. Hei kritt der d'Méiglechkeet Frënn mat engem einfache Link ze invitéieren a mat deenen zesummen ze zocken. Dir kritt 3 verschidde Choixen u Begrëffer gewisen, aus deenen der een eraussicht. Dëse gëllt et dann ze molen, wärend är Frënn errode wat et ass. Dofir hu si eng Case an der se hir Äntwerte kënne schreiwen. En Algorithmus schléit Alarm esoubal een dee richtege Begrëff geschriwwen huet.

Klickt hei fir op déi jeeweileg Sitten ze kommen