De beschte Frënd vum Mënsch ka vill méi wéi nëmme schlofen, iessen an de Bengel siche goen.

Lauschtert eran

Heiansdo mol e bësse flunkere mierkt scho keen. Dat denkt ee villäicht heiansdo, ma do iert ee sech gewalteg. Och wann eise Matmënschen dat net onbedéngt opfält, heescht dat net, dass keen et matkritt. En Hond zum Beispill mierkt wann de Besëtzer oder d'Besëtzerin net éierlech ass. Esou d'Wëssenschaftlerin Akiko Takaoka, Leederin vun der Etüd an der Kyoto Universitéit a Japan, géigeniwwer vu BBC. Déi sozial Intelligenz hätt sech iwwer Joren duerch d'Zesummeliewe mat de Mënschen entwéckelt.

Fir d'Theorie ze ënnersichen, dass Muppen dohi lafe wou de Mënsch se drop hiweist, huet eng Testpersoun op en Dëppche mat Hondsfudder gewisen. An enger zweeter Ronn huet d'Persoun op eent gewisen dat eidel war. Wéi se dat ganzt an enger drëtter Ronn nees mat engem volle Behälter maache wollten, huet den Hond net méi reagéiert. D'Déier huet also gemierkt, dass do eng faul war an huet der Persoun net méi getraut.

Wéi se genau deen nämmlechten Test mam nämmlechten Hond, just mat enger neier Persoun gemaach hunn, huet de Mupp nees op den Hiweis reagéiert.

Wéi d'Etüd weist, hunn d'Muppe séier gemierkt, ob déi jeeweileg Persoun se just op d'Schëpp geholl huet oder net. Esou hu se gewisen, ob se nach Vertrauen hunn oder net.

Fir Zukunft gëllt also net ze vill mam Hond de Geck ze maachen, soss mécht deen dat iergendwann mat iech.