Fotoen, Videoen a Storyen: Dofir war Instagram bis ewell bekannt. Ma Videokonferenze sinn elo deen nächste Schratt.

Lauschtert eran

Am Ufank vu leschtem Joer hätt een net geduecht, dass 2020 e grousst Joer fir déi Plattforme gëtt déi Videokonferenzen ubidden. Ma elo am Mäerz 2021 si mer eppes Besserem beléiert ginn.

Microsoft mat hirem Teams, Skype an natierlech och Zoom sinn hei wuel déi beléiftsten a bekanntsten. Esou ass et och ganz normal fir Firme wéi Facebook do wëllen nozezéien. Dat hei awer net mat Facebook selwer, mee mat Instagram.

Videokonferenze boomen an Apps wéi Clubhouse kréien ëmmer méi Zoulaf. Dofir kënnt elo och eng Neierung op Instagram. D'Plattform déi jo mëttlerweil zu Facebook gehéiert, reagéiert op deen Hype a plangt ''Live Rooms'' an d'Liewen ze ruffen. Hei kënne bis zu véier Persounen zesummen ee Videochat iwwerdroen. D'Iddi ass hei, fir domat eventuell Talkshows, Froeronnen oder och einfach nëmme Gespréicher féieren ze kënnen.

Dat ass awer nach net alles. Nieft der Videokonferenz, de Gespréicher a spannende Froeronnen, kéinten och Shopping-Funktiounen an Aktioune fir Spenden ze sammele mat agebonne ginn.

Eng Iddi déi sécherlech gutt wäert ukommen. Wann ee bedenkt, dass zum Beispill Yoga-Kueren a ganz Massen iwwert Livestream ofgehale ginn.