© Olivier HOSLET / POOL / AFP
Bis de Summer sollen déi technesch Viraussetzunge fir d'Aféierung vun engem EU-wäiten digitalen Corona-Impfpass geschaaft ginn.
Enn Februar haten sech d'Staats- a Regierungscheffe vun den EU-Memberstaaten op d'Aféierung vun engem EU-wäiten digitale Corona-Impfpass gëeenegt. Dëst mat groussem Accord ewéi déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel no der entspriechender Videokonferenz am Kader vun enger Pressekonferenz matgedeelt hat
Am Laf vun den nächsten 3 Méint sollen déi technesch Viraussetzunge fir d'Aféierung vum digitale Corona-Impfpass geschaaft ginn. Am Laf vun den nächste Méint, sollen d'Memberstaaten nämlech hir eegen national digital Impfpäss entwéckelen. Dës sollen dann iwwert e gemeinsamen europäesche System matenee kompatibel gemaach ginn.
Éischt Detailer doriwwer, wat an deem neien Dokument drastoe soll, sinn dann och scho gewosst. Wéi d'Presidentin vun der EU-Kommissioun, Ursula von der Leyen, op Twitter matgedeelt huet, soll am Pass net nëmmen drastoen ob eng Persoun geimpft gouf. Bei Persounen, déi nach net geimpft goufen, sollen nämlech d'Resultater vun hire leschte Corona-Tester an dësem Dokument vermierkt ginn. Ausserdeem solle méiglech fréier Corona-Erkrankungen an de Pass agedroe ginn. An dësem soll dann och drastoe wéi déi betraffe Persoun sech vun dëser Erkrankung erholl huet.
Dat grousst Zil vum digitale Corona-Impfpass ass et, et de Bierger vun der EU ze erméiglechen sech nees sécher ënnerhalb vun der EU beweegen ze kënnen. Domadder soll dann och d'Verreesen ënnerhalb vun der Unioun nees méiglech ginn.
Mëtt Mäerz wëll déi europäesch Kommissioun e Gesetzesvirschlag fir den EU-wäiten digitale Corona-Impfpass virleeën. Da wäerten alleguerten d'Detailer iwwert dat neit Dokument gewosst sinn.