Déi steigend Temperaturen, hunn awer net nëmme positiv Auswierkungen. D'Bauere wäerten sech och zu Lëtzebuerg un de Klimawandel upasse mussen.

Wien op dëse Wanter zeréckkuckt, denkt warscheinlech als éischt un déi kal Deeg Mëtt Februar. Ma mat enger duerchschnëttlecher Temperatur vun 1,4 Grad, war dëse Wanter awer éischter iwwerduerchschnëttlech waarm. Dem Chef vum technesche Service vum Landwirtschaftsministère, dem Dokter Andrew Ferrone no, géif déi duerchschnëttlech Temperatur, déi tëscht dem 1. Dezember an dem 28. Februar hei am Land gemooss gëtt, am Norden nämlech bei 0,7 a laanscht Musel bei 2,3 Grad leien. Dat op en Zäitraum vun 30 Joer gekuckt.

Wéinst dem waarme Wierder: Héich Rekolte bei deene meeschte Planzen

Dat waarmt an naasst Wierder huet dann och dozou gefouert, dass d'Rekolte vun de Planzen, déi iwwert de Wanter ugebaut goufen dëst Joer zimmlech héich waren. Iwwerdeems léisst de plëtzlechen Abroch vun den Temperature Mëtt Februar léisst sech doduerch erklären, dass kal Loft aus de Polarregiounen hire Wee op Lëtzebuerg fonnt hat. Dass d'Temperaturen duerno nees geklommen si louch dann u waarmer Loft, déi aus der Sahara op Lëtzebuerg koum.

Lo kéint ee jo mengen, dass e plëtzleche Réckgang vun den Temperature schlecht fir d'Rekolte vun de Bauere wier. Ma de Géigendeel ass de Fall. D'Planze brauchen de Frascht nämlech fir Bléien ze bilden an ze wuessen.

 D'Bauere mussen sech un de Klimawandel upassen

Déi waarm Temperaturen, hunn allerdéngs net nëmme positiv Auswierkungen op déi Lëtzebuerger Landwirtschaft. De Klimawandel wier och hei am Land eng Realitéit un déi d'Baueren sech upasse missten. Woubäi déi grouss Upassungen éischter am Summer an am Fréijoer néideg wäerte sinn. Hei wäerten d'Baueren nämlech den Zäitpunkt un deem si ausséinen upasse mussen. Dobäi wäert de Wiederdéngscht vun der ASTA hinnen hëllefen andeems dëse probéiert mat Hëllef vu senge Previsiounen, déi ideal Zäitpunkte fir d'Ausséinen an d'Eranhuele vun de Planze virauszesoen.

Ausserdeem ënnersicht een den Ament beim Landwirtschaftsministère, ob den Ubau vun neien Zorte vu Planzen, déi zum Beispill besonnesch resistent géint Hëtzt sinn eng Méiglechkeet duerstellt, fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft méi resistent géigeniwwer dem Klimawandel ze maachen.

Lauschtert hei de Reportage!