Mat dësem Gadget sollen déi alldeeglech Aufgabe méi einfach a virun allem mat manner Péng erleedegt ginn!

Hire Clienten den Alldag ze vereinfachen, dat ass d’Haaptzil vun der Mini-Entreprise „Carry-Aid“, e Projet vu 5 Schüler aus der Ecole Privée Fieldgen. Fir dëst ze erméiglechen hunn déi Jonk e Gadget entwéckelt, dee bei enger alldeeglecher Aktivitéit hëllefe soll: Dem Tuten-Droen.

Dofir hunn déi Jonk sech fir d’éischt emol ëmgekuckt, wat fir Produiten et an deem Beräich scho ginn a sech um Internet inspiréiere gelooss. Dobäi ass deene 5 séier opgefall, dass et zwar Dro-Hëllefe ginn, ma dës meeschtens aus Plastik bestinn an deemno net immens nohalteg sinn.

D’Konzept vu Carry-Aid ass also net just manner Péng a méi Confort fir d’Keefer mee och eng ëmweltfrëndlech a lokal Alternativ ze kreéieren.

Aktuell sammelen d’Schüler nach d’Bestellungen ier se dës dann all zesumme bei enger Néiesch hei zu Lëtzebuerg an Opdrag ginn. Virbestelle kann een de Produit also schonn, dat fir 12 Euro d’Stéck an a verschiddene Faarwen a Materialien. Zousätzlech zu de Carry-Aids kritt een dann och nach e stoffene Sak dobäi, deen ee jo dann och direkt benotze ka fir de Gadget ze testen.

D’Schüler hunn hiren eegene Produit natierlech och getest an hu séier gemierkt et mécht en Ënnerscheed ob een d’Tuten a Posche mat oder ouni eng Carry-Aid benotzt. Méi Informatiounen zu der Mini-Entreprise fannt dir och hei.

Lauschtert hei den Interview