Netflix - de beschte Frënd an der Pandemie! Gefillt ginn hei all Woch nei Serië verëffentlecht. Do verléiert een da séier den Iwwerbléck – do hëllefe mir!

Lauschter hei!

The Last Dance

Mir starte mat der Doku „The Last Dance“, eppes fir all d'Basket-Fan! Hei geet et ëm d’Chicago-Bulls-Team aus den 90er Joren – déi beschten Ekipp vun allen Zäiten. D’Serie fokusséiert sech op Archiv-Material an Interviews mat de Spiller. Iwweregens war d’Legend Michael Jordan selwer als Realisateur bedeelegt.

Rick and Morty

Och Cartoon-Fans ginn net enttäuscht! Wéi wier et zum Beispill mat “Rick and Morty”. Hei begleede mir de Wëssenschaftler Rick an den duerchschnëttlechen Teenager Morty. Déi Zwee reesen duerch verschidden Dimensiounen an op skurril Planéiten. Chaos ass garantéiert!

Avatar - Der Herr der Elemente

E weideren Highlight ass „Avatar – Der Herr der Elemente“, e Cartoon aus dem Joer 2003. D’Serie handelt vum Aang, dee fir 100 Joer am Äis gefaange war an elo e Krich verhënnere muss. Dofir muss hien déi 4 Elementer meeschteren.

Unser Planet

Wie léiwer eppes méi realistesches kuckt, fir deen hunn ech d‘Doku-Serie “Unser Planet”. Hei kënnt dir wonnerschéi Biller vun den arkteschen Äis-Wüsten, der afrikanescher Savann oder deenen déifste Plazen aus dem Mier bewonneren. Natur puer!

Breaking Bad

Dir hutt nach ëmmer näischt fir ze binge fonnt? Dann hunn ech elo nach eng lescht Propose: „Breaking Bad“! Hei gëtt d’Geschicht vum Walther White erzielt, engem Chimiesprofesser deen Diagnos Longekriibs krut. Déi finanziell Problemer déi doduerch entstinn, probéiert de White mat dubiéise Mëttelen ze bekämpfen. E Must-watch fir jiddereen deen op Action, Drama a staark Dialoger steet.