Wou kritt een an der däitscher Haaptstad fair, ekologesch nohalteg, qualitativ top produzéiert a virun allem optesch cool Kleeder?

Den Trend vun Ökoshops ass längst zu Lëtzebuerg ukomm. Ma an der Hipster Héichbuerg Berlin gëtt et dat scho méi laang. Dowéinst bitt d'Stad och eng flott Auswiel vu Butteker.

Lauschtert hei de Reportage

Vegan ze liewe bedeit net nëmme keng Déiereproduite méi z'iessen, mee och dës Philosophie ze liewen. Wann een aus Iwwerzeegung vegan lieft an net méi Deel vun der Ausbeutung vun Déiere wëll sinn, dann ass dat eng Liewensastellung, déi sech op all d'Beräicher vum Liewe bezitt. Dozou gehéiert och alles wat de Mënsch um Kierper dréit a wat hie konsuméiert. Esou zum Beispill Lieder, Woll, Seid, Pelz, Plommen asw. Well och déi Materialie bedeite Quale fir d'Déieren. Wien also probéiert d'Leed vun den Déieren a säi perséinlechen CO2-Bilan ze reduzéiere sollt sech och beim Shoppe vu Kleeder Gedanke maachen. Dat weltwäit gréissten Exportland fir Woll ass z.B. Australien. Hei gi pro Joer zirka 68 Millioune Schof geschuer. Ekologesch an eethesch gesinn eng immens Katastroph.

D'Moudenindustrie ass eng vun den onéierlechsten Industrien op der Welt. Dass déi üblech bekannte Kleedermarken net fair an ekologesch produzéiert ginn ass och kee Geheimnis méi. Dat mierkt een och oft un der Qualitéit. Wou also an der dätscher Haaptstad kritt ee fair, ekologesch nohalteg, qualitativ top produzéiert a virun allem optesch cool Kleeder?

Fänke mer beim "Loveco"-Shop un. Dëse gouf 2014 gegrënnt! De gréisste vun dëse Shopps ass zu Friedrichshain. All d'Kleeder, Schong an Accessoiren, déi an Dëse verkaf ginn, si fair an ekologesch produzéiert ginn.

Zu Neukölln gëtt et ee Shop mam Numm "Süsstoff", wou een nohalteg Rostoffer ewéi ënnert anerem Bio-Kotteng a Form vu Kleeder, Naturkosmetik an Accessoire ze kafe kritt. Et gëtt och eng Papeterie wou alles aus recyceltem Material hiergestallt gëtt.

An der Wiener Straße zu Kreuzberg gëtt et allerdéngs de gréisste Buttek mat ekologesch fairer Moud. Deen heescht witzegerweis Supermarché. Op 100 Quadratmeter fënnt ee vu Jeans iwwer Pulloveren, bis hin zu Strëmp a vegane Schong alles wat ee brauch.

Mir hunn nëmmen dëse Planéit. Jiddereen dee bëssi méi bewosst lieft an oppasst wat en als Konsument keeft mëscht domat e Statement fir eis zukünfteg Generatiounen. Domat Love & Peace vu Berlin!

Hei di bescht Adresse mat der Méiglechkeet op Online-Shopping:

LOVECO 

Vegane Mode Eisenacher Straße 36/37, Schöneberg

Vegane Schuhe Manteuffelstraße 77, Kreuzberg

Vegane Mode Sonntagsstraße 29, Friedrichshain

Süßstoff Kienitzer Straße 91, Neukölln

Supermarché Wiener Straße 16, Kreuzberg

Dear Goods Schivelbeiner Straße 35, Prenzlauer Berg

Nudie Jeans Memhardstraße 7, Mitte

Wertvoll Marienburger Straße 39, Prenzlauer Berg

WESEN Tellstraße 7, Neukölln,

standard saubere sachen Reuterstraße 53, Neukölln

wunderwerk Rosenthaler Straße 40, Mitte

FOLKDAYS Manteuffelstraße 19, Kreuzberg

Jyoti – Fair Works Okerstraße 45, Neukölln

slow friday Gormannstraße 25, Mitte