Der fillt iech ëmmer midd? Ma villäicht läit et heirun, dass der iech ni sou wierklech wakereg fillt:

Natierlech ass et wichteg genuch ze schlofen, sech richteg z'erniere an och Sport ze maachen. Dat alles hëlleft scho fir d'Batterien nees opzefëllen. Ma et ginn awer och Saachen déi een evitéiere soll, well se eis vill Energie kaschten.

Lauschtert hei eran!

1. Mueres Séisses iessen

Direkt nom opstoen op de Kaffisdësch ze goen, gehéiert fir déi eng zum Ritual mueres dobäi. Hei soll een awer evitéieren ze vill séiss Liewensmëttel wéi wäisst Brout, Gebeess oder gezéckerte Müsli z'iessen. Vollkarproduiten, Porridge, an eppes Gehäerztes fir op d'Schmier sinn do besser a versuergen eis mat Energie.

2. Ze vill Koffein

Jo, et kann och dees Gudden ze vill sinn! Koffein soll een och besser a Moosse genéissen. Koffein u sech ass zwar elo net schlecht, der musst also net komplett op äre Kaffi verzichten. Mee ze héich Quantitéiten maachen eis op laang Dauer midd a wierke sech och negativ op de Bluttdrock aus. Domat sinn iwwregens net nëmme Kaffi, mee och Energy-Drinks gemengt.

3. Ze wéineg iessen

Eise Kierper brauch Energie fir eis gutt duerch den Dag ze bréngen. Wann en näischt kritt fir ze verbrennen, da gëtt een och méi séier midd! Also besser seng Moolzechten anhuelen, besonnesch wann de Kierper och Honger signaliséiert! Och wann dat een Dag emol méi ass, ass dat net schlëmm! Kuckt ärem Kierper verschidde Ressourcen ze liwweren, wéi Kuelenhydrater, Ballaststoffer, Geméis an Uebst, wéi och Nëss!

4. Stress

Jo Stress ass einfach am Groussen a Ganzen net wierklech gutt fir eis. Mer sinn duerch ze vill Stress net méi konzentréiert, a stressen eis dann nach méi fir alles iergendswéi gemaach ze kréien. Besser ass et dann einfach da grad ee Moment Paus ze maachen! Einfach 10 Minutten fort vum Ecran oder dem Büro, villäicht bis eraus virun d'Dier oder einfach op eng roueg Plaz, an dem Kapp, wéi och dem Kierper Zäit ginn zou sech ze kommen!