De klengsten IQ–Test op der Welt besteet just aus 3 Froen. De Fokus läit op logeschem Denken a Mathe.

Lauschter hei!

De sougenannte “Cognitive Reflection Test”, oder kuerz CRT, ass awer näischt Neies. Den Test gouf 2005 vum Psycholog Shane Frederick entwéckelt. Wien am Test gutt ofschléisst soll en héijen IQ hunn a besser Decisiounen treffe kënnen.

Beim Frederick senger Recherche hunn 3000 Participante mat ënnerschiddlecher Educatioun matgemaach. Dobäi waren och Studente vu Yale an Harvard. Déi Meescht vun hinnen haten awer e puer Problemer mat deenen 3 Froen, nëmme 17% woussten déi richteg Äntwert!

Wéi schneit dir dobäi of?

Fro 1

  • E Baseball Schléier mat Ball kascht 1,10€. De Schléier kascht 1€ méi wéi de Ball. Wéi vill kascht de Ball?

Fro 2

  • 5 Maschinne brauche 5 Minutte fir 5 Gadgeten ze maachen. Wéi laang brauchen 100 Maschinne fir 100 Gadgeten ze maachen?

Fro 3

  • An engem Séi steet eng Séirous. All Dag verduebelt se gréisst a bedeckt méi vum Séi. No 48 Deeg ass de ganze Séi bedeckt. No wéi vill Deeg war den hallwe Séi bedeckt?

Leisungen

Fro 1

Wann de Ball X kascht an de Schléier 1€ méi kascht ass dat dat selwecht wéi X + 1

Schléier + Ball kann een also och esou schreiwen: X + (X + 1) = 1.1 (well zesumme kaschten se 1,10€)

Dat heescht
2X +1 = 1.1

2X = 1.1 -1

2X = 0.10

X = 0.05

Dat bedeit de Ball kascht 5 Cent (0.05€) an de Schléier 1,05€.

Fro 2 

Hei ass d’Äntwert zimmlech einfach, well wa 5 Maschinne 5 Minutte brauche fir 5 Gadgeten ze maachen, mécht 1 Maschinn ee Gadget a 5 Minutten. Dat heescht 100 Maschinne brauche 5 Minutte fir 100 Gadgeten ze maachen.

Fro 3

Mir wëssen datt d’Rous all Dag seng Gréisst verduebelt an no 48 Deeg huet se de ganze Séi bedeckt. Dat heescht den Dag virdrun, also no 47 Deeg, war just Hallschent vum Séi bedeckt.