Et gi Lidder déi een dacks um Radio héiert mee et kennt een net onbedéngt de Kënschtler. Entdeckt hei London Grammar.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Den Trio mat der Sängerin Hannah Reid, dem Dan Rothman an Dot Major gouf 2009 gegrënnt. A wéi enger Stad d’Museker baséiert si verréit iech ganz einfach hire Numm. Tëscht 2012 an 2013 ass den Trio mat Lidder wéi "Hey Now" a "Strong" ëmmer méi opgefall. Virun allem dem Hannah Reid seng Stëmm kennzeechent de Stil vu London Grammar.

Den éischten Album "If You Wait" koum 2013 eraus an den 2. Album "Truth is a Beautiful Thing" 4 Joer méi spéit. Nodeems d’Museker vill Toure mat engem stressege Liewensstil hannert sech haten ass d’Sängerin u chronescher Péng erkrankt. Trotz der Krankheet huet d’Band rezent nei Lidder wéi "Californian Soil" erausbruecht.

London Grammar war dofir bekannt hir Musek schwätzen ze loossen an diskret ze bleiwen. Mee dat huet sech elo geännert. D‘Sängerin wollt nämlech am 3. Album iwwer seng Erfarung mat Sexismus an der Museksindustrie schreiwen. Dacks war hatt déi eenzeg Fra am Raum an ass net eescht geholl ginn. Seng Bandkolleegen hunn hat awer ëmmer ënnerstëtzt. Doraus huet sech den Album "Californian Soil" erginn dee Mëtt Abrëll erauskënnt.