All Samschden Owend vun 19h00 bis 23h00.

Eldoradio suergt fir déi beschte Party-Vibes op Antenne. Dofir steet den DJ Se7en nees hannert dëm Mëschpult! Leider net an der Disco mee dofir awer am Eldo-Studio! Hei gitt dir all Samsden op der Antenne mat der beschter an neister Musek versuergt.

Schmäisst iech also an de Look, oder och net, a gitt alles! Den DJ Se7en bréngt iech a Party-Stëmmung ier der owes weider zitt, wärend der den Apéro genéisst oder och wann der einfach doheem fir iech eleng feiere wëllt. Dëst ënnert dem Motto:

Se7en Till Eleven – all Samschden Owend vun 19h00 bis 23h00 op Eldoradio.

Dir kennt eisen DJ Se7en souwuel vun de Partyen hei am Land wéi natierlech och un der Säit vun eisem Event-Navigator. Elo steet den DJ Se7en och eleng hannert dem Mëschpult am Studio. Wat dobäi eraus kënnt? 4 Stonne laang beschte Party-Feeling! All Samschden Owend kommen nëmmen déi neiste Beats a wichtegst Partytrends! Egal wou der sidd, ass zesumme mam DJ Se7en in the Mix also Party-Feeling garantéiert.