Wann der kee Gaart hutt, ma awer ee Balkon oder eng Terrasse, kënnt der Iech et och do gemittlech maachen.

Mam schéine Wierder huet een och nees natierlech méi Loscht dobaussen ze sinn. Ma wien doheem ee Balkon a kee Gaart, kann och aus dësem eng gemittlech kleng Oas maachen! Hei e puer Tipps.

Lauschtert hei eran!

1. Ee klenge Kraidergaart

Wann der ee klenge Flair wéi an der Vakanz wëllt, kann deen eegene Kraidergaart do hëllefen! Enplus schount et och nach äre Portmonni an d'Ëmwelt, wann der Peffermënz, Basilikum, Thymian a co. net méi musst kafe goen! Besonnesch flott gesäit dësen herno aus, wann der nach eidel Holzkëschten doheem hutt! Dës musst der nach just Plastikfolie ausleeën, an dräi-véier kleng Lächer an d'Folie maachen, dass d'Waasser, dat ze vill ass och auslafe kann. Da Buedem dran, an d'Kären oder déi scho gezillte Planzen drasetzen. Scho richt et um Balkon wéi an der Vakanz, an Owes schmaacht et nach besser am Teller!

2. Recycelt Deko

Dat kléngt elo méi gelunge wéi et wierklech ass. Wann der al Gebeessglieser hutt, oder gliese Fläschen déi méi eng speziell Form hunn: geheit se net direkt ewech! Dës kënnt der och als Deko fir de Balcon ëmfunktionéieren. Zum Beispill op d'Gebeessglieser dees transparentem faarwege Pabeier pechen an dann elektresch Téillichtecher dra setzen. Oder bei anere Fläschen de Buedem ganz virsiichteg aritzen an da mat engem Hummer duuss ausschloen. Da kënnt der dës einfach iwwert en elektrescht Téiliicht setzen. Am schéinste gesäit dat iwwregens aus, wann d'Fläschen aus faarwegem Glas sinn.

3. Palette-Miwwel

Och wann et dësen Trend scho méi laang gëtt, gesäit en nach ëmmer gutt aus! Wann der also zoufälleg Paletten hutt, oder ee kennt deen der huet, ass et eng bëlleg a stylesch Affär. Dofir d'Paletten uganks just gutt ofschläifen a villäicht och eemol eng schützender Lasur drop maachen. Da braucht der just nach grouss Këssen fir drop, a schonn hutt der ganz einfach eng kuscheleg Plaz fir iech am schéine Wierder dohin ze setzen.