Wéi kacht een déi perfekten Nuddelen? Ganz einfach mat Spotify. Op Spaghetti, Fusili, Linguine oder Penne – mat der richteger Playlist gelénge se all!

Lauschter hei!

D’Eeër-Auer ass outdated – e richtege Kach benotzt nämlech Spotify fir ze wësse wéini d’Nuddele mëll sinn.

E bekannten italieneschen Nuddel-Produzent ass anscheinend zanter kuerzem och e Museks-Produzent, oder sou änlech. A Collaboratioun mat Spotify huet den italieneschen Hiersteller nämlech ganzer 8  Playlists verëffentlecht. Hei variéiert d’Längt vun 9 bis 11 Minutten  – souzesoe vu Spaghetti bis Penne.

All Playlist representéiert eng Nuddels-Zort. Ass d’Playlist duerchgelaf ass d’Nuddel “al dente”, also net ze haart an net ze mëll.

D'Playlists fënnt een op Spotify. Hei kann ee sech dann “Mixtape Spaghetti“, „Pleasant Melancholy Penne” oder dat wat grad bei d’Nuddel passt ulauschteren. An de Playlists fënnt een dann international awer och italienesch Artisten erëm.

Iwweregens sinn d’Covere vun de Playlists och net ze vernoléissegen, déi goufen nämlech vun 8 italienesche Kënschtler entworf.

Hei kann ee just soen: Eng zimmlech cool a kreativ Iddi. Esou kann een amplaz gelangweilt ze waarden, nei Musek entdecken, vläicht e bëssen danzen an duerno déi perfekte Pasta genéissen. Et muss ee just oppassen d’Playlist net op “Repeat” ze stellen, soss gëtt et Nuddels-Püree!