De fréieren Eldo-Book Look, de Jérôme Jaminet huet een neit Buch erausbruecht. Do dra fënnt ee vill kleng Geschichte, Gedanken an authentesch Geschichten.

"Klein aber fein". Déi Ausso dierft wuel op dem Jérôme Jaminet säin neit Buch "Ein Wort in Esels Ohr" zoutreffen. Well besonnesch déck ass d'Buch scho mol net. An och d'Längt vun den Texter am Buch ass optimal fir Leit, déi sech net gären dohi setzen a Stonnen un enger eenzeger Geschicht setzen. Et ass ee Buch dat een och emol aus dem Grapp leeë ka wann ee wëll. Oder wéi de Jérôme selwer seet: "et kann een et souguer mat op d'Toilette huelen."

Lauschtert hei eran an dat ganzt Gespréich mam Jérôme!

Ma eppes sief awer gesot: d'Geschichten sinn net ëmmer ganz liichte Kascht. Dat well de fréieren Eldo-Book Look sech och ee Spaass draus mécht mat Wierder ze spillen, a Spréchwierder och emol ze verdréinen. Wien awer Loscht huet mat op d'Rees ze goen, an de Kapp e bësse schaffen ze loosse kënnt hei voll op seng Käschten. Et si Geschichte fir nozedenken, fir ze schmunzelen, oder och emol d'Ae grouss opzerappen.

Wann der awer elo mengt: "nach ee Produit vun ze vill Pandemie a Lockdown!" Nee! Et si Geschichten, déi sech am Laf vun deene leschten 10 Joer am Jérôme senge literareschen Tagebicher ugesammelt hunn. Am "Ein Wort in Esels Ohr" ass nëmmen d'"Crème de la Crème" ukomm. Verschiddener si fräi erfonnt, anerer huet de Literaturkritiker a Schrëftsteller awer och selwer erlieft. Sief dat vum Keuchhusten, engem Besuch op der Frankfurter Buchmesse, oder och d'Renconter mat engem däitsche Schrëftsteller dee wuel besser ee Patt manner gedronk hätt. Et kritt een op alle Fall d'Gefill de Jérôme Jaminet och iergendwéi perséinlech ze kennen nodeems een déi läscht Säit fäerdeg huet. A wann et schonn nëmmen ëm seng Astellung zu Silvester geet.