Alkohol gëtt et scho länger. Wëssenschaftler no, hunn d’Mënschen oder besser gesot d’Urmënschen an der spéider Steenzäit schonn Alkohol konsuméiert.

Lauschter hei!

Hautdesdaags ass et net vill anescht. Vill Leit wëllen net op de geleeëntleche Pättche verzichten. Dat obwuel mir mëttlerweil wëssen datt Alkohol net dat gesondste Liewensmëttel ass. Glécklecherweis ginn et eng ganz Rëtsch u Staren déi mam gudde Beispill vir ginn.

Ënner anerem de Robert Downey Jr. Hien ass nämlech zanter 2003 dreschen. 5 Joer méi spéit ass en dann als Tony Stark aka Iron Man op der Leinwand opgetaucht – seng bis elo lukratiivste Roll!

Den internationalen DJ -Star Calvin Harris ass zanter 2004 eniichter. Laut eegene Aussoen huet de gudde Mann 2 Fläsche Whisky pro Nuecht gedronk, wat definitiv net gesond ass.

Och eise beléiften Zauberer aus Hogwarts hat e puer Problemer mam Alkohol. Esou huet den Daniel Radcliffe erzielt datt hie wärend de leschten Harry Potter Filmer méi wéi emol alkoholiséiert um Film-Set war. Zanter 2013 ass eise Liiblings-Zauberer awer eniichter.

De Pharrell Williams ass éischter eng Ausnam ënnert de Staren. A sengem Ganze Liewen huet hie just 9 mol ze déif an d’Glas gekuckt. Senger Ausso no ass Alkohol einfach näischt fir hien.

Zu gudder Lescht, huet de Samuel L. Jackson erzielt datt hien a senger Jugend vill gedronk awer och aner Droge geholl huet. Zanter 20 Joer ass hien awer méi gesond ënnerwee an huet weder Alkohol nach aner Drogen ugepaakt.