
© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
EMINEM - Without Me
Eis Widdere hu grad keng Loscht op Drama an dréinen dësem de Réck
Stéier
James Arthur - Medicine
Déi richteg Medezin hält eis Stéiere grad um Goen.
Zwilling
Deichkind - Leider Geil
Och wann eppes villäicht net gesond ass, hunn eis Zwillinge grad mega Loscht op hire "Guilty Pleasure"
Kriibs
Maroon 5 - Misery
De Kriibse geet et aktuell net grad esou gutt. Zäit fir e bësse Rou.
Léiw
Daddy Yankee ft Snow - Con Calma
E bësse Freed muss sinn am Liewen. Dofir loossen eis Léiwer et sech elo gutt goen
Jongfra
SAINt JHN - Roses
Genee esou wéi d'Rouse, sinn eis Jongfraen zwar angeneem ze kucken. Mee Fanger ewech, soss pickt et!
Wo
Portugal. The Man - Feel It Still
Dat Gefill vu fréier wéilten eis Woen einfach nees esou spiere kënne wéi deemools.
Skorpioun
Caligola - Forgive Forget
Et ass Zäit mat der Vergaangenheet Fridden ze schléissen. Eis Skorpiounen maachen eng Dier definitiv zou.
Schütze
Jonas Blue ft Dakota - Fast Car
De Schütze geet et de Moment ee Strapp ze séier mat allem. Si kommen net esou richteg no.
Steebock
Nelly ft Kelly Rowland - Dilemma
Eis Steebéck hu grad mat hirem Häerz an hirem Kapp ze kämpfen. Mol kucke wie gewënnt.
Waassermann
Green Day- Boulevard Of Broken Dreams
Bei de Waassermänner ass d'Loft eraus. Ronderëm si steet wéi et schéngt kee Stee méi op dem aneren.
Fësch
Angel Cara - Forgiveness
Och wann et eise Fësch schwéier fält, gëtt et Zäit eng nei Säit opzeschloen.