© Unsplash
Alt erëm Stau. De Problem: An 10 Minutte fänkt de Meeting mam Chef un. Et kann ee richteg fille wéi ee méi gestresst gëtt, wärend d’Zäit engem fortleeft.
Glécklecherweis ginn et verschidde Methode fir dem Stress meeschter ze ginn. Eng vun den effektiivsten Aart a Weisen, ass et Zäit mat Kolleegen ze verbréngen. De Frëndeskrees kann hei richteg Wonner bewierke well:
1.Frënn akzeptéieren ee wéi een ass. Et muss ee sech net verstellen. Op der Aarbecht muss een dacks professionell sinn. Da kann et en entspanenden Ausgläich si bei Kolleegen emol sou richteg d’Sau raus ze loossen.
2.Kolleege suergen och fir Oflenkung. Huet een Owes Problemer ofzeschalte kann et gutt sinn eppes mat Frënn ze maachen. Einfach eraus trëppele goen, e bëssen zocken oder och just schwätzen – haaptsaach eppes wat oflenkt.
3.Kolleege si quasi wéi e gratis Psycholog. Et kann een hinnen alles erziele wat ee bedréckt. Et ass nämlech enorm wichteg eng Persoun ze hunn déi engem richteg nolauschtert. Ausserdeem, kennt quasi keen ee besser wéi déi richteg Kolleegen! D’Mënschen déi engem no sti wëssen am Beschte wat engem hëllefe kann an hu villäicht och e puer Tipps wéi ee besser mam Stress ëmgeet.
An zu gudder Lescht, kann et engem och perséinlech hëllefen, aneren ze hëllefen. Kléngt komesch, ass awer esou! Hëlleft ee senge Frënn, vergësst ee vill méi séier den eegene Stress. An nach ee klenge Bonus: et ass een duerno frou engem gehollef ze hunn.