Op der ganzer Welt ginn et ongeféier 400.000 Planzen-Aarten. Nëmmen 2000 dovu sinn iessbar Friichten. Vun den 2000 Friichte konsuméiere mir awer just 10%.

Lauschter hei!

Dat heescht esouvill wéi et ginn ettlech Friichten déi net esou bekannt sinn, mee trotzdeem net ze ënnerschätze sinn. Dorënner sinn och e puer méi skurril Kandidaten!

Esou zum Beispill d’Fruucht vum brasilianesche Jabuticaba Bam. D'Friichten erënnere vun der Form hier un eenzel Drauwen. Just an dësem Fall, wuessen d’Drauwen einfach aus dem Bam eraus.

Eng weider Fruucht kënnt aus Australien. Se gesäit e bësse wéi eng kleng Avocado aus an heescht “Finger Lime”. D’Fruucht-Fleesch erënnert u Kaviar a gëtt ironescherweis och effektiv genotzt fir engem Plat mat Mieresfriichten e spezielle Kick ze ginn.

Eng ganz gelunge Fruucht ass d’Mispel. Déi gehéiert zu der Famill vun de Rousen. An esou gesäit och d’Fruucht aus! Also net direkt wéi eng Rous, mee éischter wéi d’Knosp éier se zur Rous gëtt. Dat skurrilt un der Fruucht: se gëtt net giess ier se zeideg ass. D’Mispel schmaacht nämlech am Beschte wa se verfault ass. Schmaache soll dat ganzt da séisslech, e bësse wéi eng iwwer-zeideg Dattel oder Äppelkompott.

Zu gudder lescht nach e puer interessant Fakten iwwert Uebst:

Den Ënnerscheet tëscht Uebst a Geméis ass datt Uebst Kären, also Som huet. Dowéinst sinn Auberginnen, Paprikaen, Oliven a Kürbissen eigentlech och Friichten.

D’Orange huet der Faarf den Numm ginn an et ginn eigentlech keng Orangen esou dobaussen an der Natur. Heibäi handelt et sech nämlech ëm eng Kräizung aus der Pampelmuss an der Mandarine.