De Chris hat d'Lëtzebuerger Newcomerin Koko47 am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

D’Koko47 lieft a studéiert Media- & Music-Management zu Berlin. Eng Stad déi hatt virun allem duerch d’Mëschung vun deene ganz ville verschiddene Kulturen immens inspiréiert. Do wäre mir dann och scho bei der 47 am Kënschtlernumm.

“Ech sinn op Berlin geplënnert a per Zoufall war do genau déi selwecht Zuel an der Postleitzuel wéi do wou ech hei zu Lëtzebuerg opgewuess sinn. Also et matched ganz gutt.”

D'Koko47 iwwert säi Kënschtlernumm!

Ganz entspant an ouni Drock schafft d’Koko47 u senger neier Musek. A wann ee Song eben nach net esou ass ewéi hatt e sech virstellt, da gëtt d’Koko deem esou vill Zäit ewéi et ebe brauch. Seng ganz nei Single heescht “Control”. Et geet ëm Léift an dee Bann deen tëschent zwou Persoune besteet aus deem een einfach net méi fortkënnt.

“Domadder ka sech all Jugendlechen identifizéieren, och ech! Control ass einfach e Lidd dat beschreift, datt een an der Jugend-Zäit iergendwann eng Kéier verknallt oder verléift war an net onbedéngt vum Partner oder vum Géigeniwwer, mee vun deem Gefill, ënner Control gehale gëtt!”

D'Koko47 iwwert säin neie Song!
RTL

D'Koko47 am Eldo-Studio! / © Eldoradio

Als jonk Fra a Kënschtlerin zéckt d’Koko och net sech bei wichtegen aktuellen Themen ewéi Rassismus, Sexismus oder Gläichberechtegung kloer ze positionéieren. Virun allem och well hatt selwer keng Fra am musikalesche Beräich hat, déi him dat matgedeelt huet.

“An dofir wëll ech einfach eng Inspiratioun fir aner jonk Meedercher oder Frae sinn an deene weisen, datt een dat maache ka wat ee wëll, datt een net vill driwwer nodenke soll an datt een einfach maache soll, egal wat déi aner Leit denken.”

De Koko47 iwwert aktuell Themen!

“Kucke wat kënnt!” Dat ass dem Koko47 säi Motto fir d’Zukunft. En Album ass bis elo nach net geplangt, e puer nei Single wieren awer schonn a Siicht.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Koko47 nach eng Kéier am Replay. Ënnert anerem schwätzt d’Kënschtlerin doriwwer wéi hatt mat Feedback ëmgeet oder zielt eis wou d’Inspiratioun fir seng Texter hierkënnt!

D'Koko47 am Eldo-Interview!