D'Fuerscher halen et fir am warscheinlechsten, dass de Virus vu Fliedermais staamt. Iwwert en anert Deier sollen dann op de Mënsch iwwergaange sinn.

Am Januar war eng Equippe vun der WHO op Wuhan a China gereest. Do hunn d'Fuerscher ënnersicht wéi de Coronavirus fir d'éischte Kéier op de Mënsch iwwerdroe gouf. Ma nach éier de Rapport vun der WHO publizéiert gouf, waren éischt Detailer aus Dësem un déi amerikanesch Noriichtenagence AP geroden. Am Rapport ginn d'Fuerscher ënner anerem op 4 méiglech Weeër, iwwert déi de Coronavirus un de Mënsch iwwerdroe gouf, an.

Den Ament halen d'Fuerscher et fir am warscheinlechsten, dass de Coronavirus vu Fliedermais op de Mënsch iwwerdroe gouf. Dat soll allerdéngs net op direktem Wee geschitt sinn.

De Virus, deen antëscht eppes iwwer 127 Millioune Mënschen infizéiert huet, ass nämlech net genee dee selwechten ewéi deen, deen an de Fliedermais present ass. Béid Vire gläichen sech just ganz staark. Ma fir dass de Virus, deen an de Fliedermais present ass, sech zu Dem, dee fir déi aktuell Pandemie verantwortlech ass, entwéckelt, bräicht et de Fuerscher no e puer Joerzéngten. Dowéinst ginn d'Fuerscher dovunner aus, dass de Virus als éischt eng Aart Tëschestatioun an engem aneren Déier ageluecht huet, éier en op de Mënsch iwwergaangen ass.

Den Ament ass allerdéngs gewosst vu wéi engem Déier de Virus op de Mënsch iwwergaangen ass. Dem Rapport no, goufen änlech Viren a Gürteldéiere fonnt. Allerdéngs kann de Virus och an Näerzen an a Kazen iwwerliewen.

Dass de Virus direkt vun de Fliedermais op de Mënsch iwwerdroe gouf, wier de Fuerscher no och méiglech. Allerdéngs wier d'Warscheinlechkeet vun esou enger Iwwerdroung däitlech méi geréng.

Et wier dann och méiglech, dass de Virus iwwert déifgefrueren Iessen op de Mënsch iwwerdroe gouf. An dësem Fall hätt en infizéiert Déier Verpackunge vun dësem Iesse veronrengegt. Dat wier de Fuerscher no allerdéngs onwarscheinlech.

Dass de Virus aus engem Laboratoire staamt, ass de Fuerscher no extrem onwarscheinlech. Accidenter, bei deene Viren aus Laboen an d'Ëmwelt entwëschen, wieren enorm rar. Ausserdeem wieren d'Laboen zu Wuhan gutt gefouert ginn. Schliisslech wieren a kenger vun den Opzeechnunge vun de Laboen Informatiounen iwwer Viren, déi dem Coronavirus gläichen, fonnt ginn.

Zum Schluss bleift dann nach ze soen, dass et net d'Zil vun der Missioun war erauszefanne vu wéi enger Zort vu Fliedermais, respektiv wéi engem Déier de Coronavirus genee staamt. Bis dës Fro beäntwert ass kéint et nach Joerzéngten daueren.

Lauschtert hei de Reportage!