Crypto-Currencies ginn ëmmer méi populär. De Wäert vum Bitcoin louch Uganks bei 6 Cent pro “Coin”. Elo läit e bei ongeféier 50.000€. An dat a just 11 Joer.

Lauschter hei!

Bei souvill Geld wonnert et dann och kee wann d’Kryptowärung e puer onéierlech Leit unzitt.

Fir seng digital Wärung da viru Scammer ze schütze kann ee verschidden Apps notzen. Déi funktionéieren als digitale Portmonni speziell fir d’Kryptowärung.

Dat huet sech och de Phillipe C. geduecht a féx e Portmonni aus dem App Store gedownloat. De gudden Här hat am Ganze 17,1 Bitcoinen, ongeféier 845.000€ - d’Betounung läit hei awer op “hat”. Nodeems hien d’App installéiert hat, huet hie séier gemierkt datt eppes net stëmmt – well säi Portmonni op eemol eidel war. Seng Bitcoine sinn also vun der App geklaut ginn.

Dat obwuel den App Store eng zimmlech geséchert Plattform ass. An trotzdeem geléngt et Scammer ëmmer nees d’Sécherheetsbarrièren ze ëmgoen. An dësem Fall gouf “d’Bait and Switch” Technik genotzt. D’Entwéckler hunn eng "normal" App eropgelueden a se vun Apple iwwerpréiwe gelooss. Duerno ass d’App einfach mat enger Fake-App ausgetosch ginn. An dësem Fall war et esouguer eng Imitatioun vun engem existéierende Krypto-Portmonni.

De Problem ass datt Apple net vill dogéint maache kann. Den App Store huet nämlech 1.96 Milliounen Apps. Dat mécht et schwéier all Update vun all Applikatioun ze kontrolléieren.

Ass een also Besëtzer vu Krypto-Wärung kuckt e besser 2 oder vläicht och 3 mol éier ee sech e Krypto-Portmonni installéiert.

Och interessant: