Homeoffice – virun e puer Joer nach ondenkbar an zimmlech seelen. Hautdesdaags ass et quasi d’Norm. Mee wéi gesäit eigentlech d'Zukunft vum Büro aus?

Lauschter hei!

Wärend dem leschte Joer huet sech net nëmmen eis Privatliewe staark verännert, mee och eis Aarbechtsliewen. Eis méi traditionell Approche huet sech misse weider entwéckelen.

D’Popularitéit vum Homeoffice ass wärend der Pandemie just gewuess. D’Chance datt wierklech all Job an den Homeoffice verlagert gëtt ass awer zimmlech geréng. Dat läit ënner anerem dorun datt d’Mënschen ënnerschiddlech drop reagéieren. Déi eng fannen den Homeoffice mega, anerer kënnen et kaum ofwaarden endlech erëm zréck op de Büro ze goen. Ëmmerhin huet de Büro och e gewësse Reiz. Hei huet een all d’Gerätschaften déi ee brauch, d’Kommunikatioun ass méi einfach an et kann ee mol erëm mat anere Leit schwätzen.

Zréck an den traditionellen Aarbechts-Rhythmus geet et no der Pandemie awer och net. Laut Experte soll sech an noer Zukunft en Hybrid-Aarbechtsmodell duerchsetzen. Dat bréngt och erëm nei Challengë mat sech. Zum Beispill mussen d’Aarbechter mat passendem Equipement ausgerëscht ginn. Am vergaangene Joer sollen an Däitschland 68% vun den Aarbechter an néi Computer a Computer-Accessoiren investéiert hunn.

Vue dass ee mam Hybrid-Model dann och méi flexibel ass, brauch een och e Computer deen dat erlaabt. Dat heescht keen Desktop Computer, mee e Laptop – liicht, kompakt a praktesch! Wéi d’Zukunft awer genee ausgesäit a wéi eng Weeër déi verschidde Betriber aschloen ass awer nach net gewosst. Gewosst ass awer datt effizient a benotzerfrëndlech Technologien ëmmer méi essentiell ginn.