De 7. Abrëll kéinten d'Terrasse vun de Restauranten nees opgoen. Eldoradio huet sech mat 2 jonke Restaurateuren iwwer des partiell Reouverture ënnerhalen.

Den Alex an de Ricky bedreiwen allebéid Restauranten an der Stad. Deementspriechend zefridde ware si dann och, wéi si héieren haten, dass d'Horeca de Betrib eventuell nees ophuele kéint. Fir den Alex, deen en italienesche Restaurant huet, stellt all Form vun enger Ouverture e Schratt an déi richteg Direktioun duer.

Dass just d'Terrassen opgoe solle kéinte béid Restaurateure verstoen. Allerdéngs géif dat bedeiten, dass net alleguerten d'Betriber vun dëser Reouverture profitéiere kéinten. Wéi de Ricky seet, kéint hie perséinlech gutt mat dëser Entscheedung liewen. Säi Restaurant hätt nämlech eng grouss Terrass, déi och nach zum Deel iwwerdaacht wier. Allerdéngs huet hien och op d'Situatioun vun de Betriber, déi keng Terrass hunn, verwisen. Dëse géif bei der aktueller Entscheedung weiderhi just d'Livraisoun an den "Take Away" bleiwen".

Am Allgemenge géif de Fait, dass just d'Terrassen opginn eng Partie Defie mat sech bréngen. Esou kéint een nëmmen eng relativ limitéiert Zuel vu Clienten empfänken. Dat géif dann och automatesch d'Fro mat sech brénge wéi vill vu sengen Ugestallten een iwwerhaapt nees schaffe loosse kéint. Ausserdeem wier dann nach d'Wieder. Hei géif sech virun allem d'Fro stelle wat ee mat de Gäscht maache soll, wann et plëtzlech méi zolidd reent.

Lauschtert hei de Reportage!

Bei den Auerzäiten si béid Restaurateuren sech bewosst, dass een et net jidderengem Recht kéint maachen. Och wann hinnen déi fréi Ouverture perséinlech näischt déngt, denken si, dass aner Betriber vun de fréien Ëffnungszäite profitéiere kéinten. Dëst kéint zum Beispill fir Caféen an deene Leit Moies hire Kaffi drénken de Fall sinn. Fir hir Betriber stellt de Fait, dass een no 18h00 Owes keng Gäscht méi empfänken dierf awer eng besonnesch Erausfuerderung duer. Wéi den Alex erkläert, géif d'Tatsaach, dass d'Terrassen um 18h00 Owes mussen zoumaache mussen, bedeiten, dass et Owes kee Service op der Plaz géif ginn. Fir hie géif dat bedeiten, dass säin Betrib all Owes vum Service op der Plaz op den "Take Away", respektiv op de Liwwerdéngscht ëmschalte misst. Dat géif eng logistesch Erausfuerderung duerstellen

Am Allgemenge waren déi zwee awer der Meenung, dass all Form vun enger Reouverture e Schratt an déi richteg Richtung wier. Si an hir Ugestallter wiere frou nees Gäscht empfänken ze dierfen.