Zanter iwwert engem Joer schaffe vill Leit vun doheem aus. Den Employeë schéngt et ze gefalen. Déi melle sech nämlech manner Krank a si méi produktiv.

Lauschter hei!

Wéi positiv sech den Homeoffice awer genau op d’Mënschen auswierkt hänkt vu verschiddene Saachen of, esou d’Psychologin Sandra Jankowsky. Ganz positiv ass et zum Beispill datt ee sech seng Zäit fräi andeele kann. Et ass ee méi autonom, huet seng Rou an et steet een net mam Auto am Stau.

Eng weider Roll spillt awer och ob ee fräiwëlleg am Homeoffice ass , wéi laang ee vun doheem schaffe muss an op engem den Homeoffice gefält. Dat hänkt nämlech vu Persoun zu Persoun of.

Leider huet den Homeoffice awer net nëmme positiv Aspekter. Dat hunn Analyse vun der däitscher Krankekeess erginn. Esou sollen d’Leit méi dacks midd an ouni Energie sinn. Ganzer 73% vun deenen déi vun doheem aus schaffe fille sech midd. Bei den Employéen déi vum Büro aus schaffe sinn et der just 66%.

Den Homeoffice bréngt awer nach weider Gesondheetlech Problemer mat sech. Ëmmer méi Leit bekloe sech iwwert Réckewéi. Hei bekloe sech awer net nëmmen Erwuessener, mee och Kanner. De Problem sinn hei schlecht Bürosstill, oder d’Schaffe vum Kannapee aus.

Ass een des Weidere länger am Homeoffice ka sech dat och op déi mental Verfassung auswierken. Esou soll ee méi séier gereizt, nervös a rose ginn.

Géingt de Réckewéi an déi schlecht Laun hëlleft da just frësch Loft a Beweegung. Also einfach emol dat gutt Wieder genéissen an net ze vill schaffen.