Den Duo "BC & Ape" mécht Hip-Hop op Lëtzebuergesch an inspiréiert sech dobäi um klasseschen Old School Sound.

Lauschtert hei de Reportage

De BC One an Ape kennen sech scho jorelaang an si deelen eng grouss Léift zum Hip-Hop. Dofir hunn si decidéiert, als Duo nei Musek opzehuelen. Si si beim Plackelabel "De Läbbel" ënner Kontrakt an hu bis ewell 3 Lidder eraus bruecht- allen 3 op Lëtzebuergesch, well si sech an hirer Mammesprooch am beschten ausdrécke kënnen. Di 2 Museker inspiréiere sech um klasseschen Old School HipHop a produzéieren all hir Beats selwer- mat der Hëllef vun hirem DJ BTM.

Den 8. Abrëll kënnt hir éischt EP eraus mam Titel „Deen ee Moment“. „Net einfach“ heescht di aktuell Single vu BC One an Ape. Déi ass och op hirer éischter EP ze fannen.

RTL

© eldo