Läscht Woch hat ech erwäänt, dass mir hei zu Milwaukee mëttlerweil an der leschter Impfphase sinn.

Aus dem Grond krut och ech als jonken a gesonden net-US-Staatsbierger e Rendezvous duerch meng Postleitzuel.

De Rendezvous fir de Vaccin ze huelen ass online ganz einfach a séier gaangen. Nodeems een e Questionnaire ausgefëllt huet, wou ee no sengem Alter, Beruff a senger Wunnsituatioun gefrot gouf, konnt een dunn aus de fräien Datumer an Auerzäiten en Rendezvous auswielen. Knapp 24 Stonnen nodeems ech den Internetsite besicht hunn, hat ech och scho mäi Rendezvous.

D’Impfung war am Wisconsin Zenter, engem Kongresszentrum an dem soss Versammlungen ofgehale ginn. Direkt am Ufank ass ee vun engem Mataarbechter empfaange gi fir den Check-in. Et misst ee just seng Carte d’Identité weisen, a mol net beweisen, dass een effektiv eligibel ass duerch d’Postleitzuel, säi Beruff, oder Änleches. Engersäits huet dat et zimmlech einfach a séier gemaach sech unzemellen, anerersäits mécht datt et theoretesch awer och einfach, eng Impfung festzeleeën, ouni dass een eigentlech wierklech eligibel ass. Eng Infirmière sot mir allerdéngs, dass si esou vill Impfdosissen zur Verfügung hunn, dass dat si net beschäftegt.

Wärend dem Check-in misst een dunn nach verschidden Averständnis-Formulairen ausfëllen. No dem Prozess stoung et dunn an enger Schlaang, wou ee vu verschiddene Mataarbechter guidéiert gouf. Ob een de Pfizer oder de Moderna Vaccin kritt, ass ee réischt sur place gewuer ginn, ofhängeg vun hire Reserven. Um Enn vun der Schlaang ass een dunn an en Zelt geleet ginn, wou ee vun enger Infirmière geimpft gouf. Direkt duerno huet ee beim sougenannten Check-out en neie Rendezvous fir déi zweet Impfdosis festgeluecht, a misst duerno nach 15 Minutten an dem Waardeberäich sëtze bleiwen, fir sécher ze goen, dass ee keng allergesch Reaktioun huet. Ganz zum Schluss krut een nach Sticker an eng Mask als Merci.

Alles an allem huet dee Rendezvous eng hallef Stonn gedauert, war immens einfach, gutt organiséiert an ass ganz ouni organisatoresch oder gesondheetlech Problemer ofgelaf.

Bis nächste Kéier vum Anouk aus Amerika