Dëse Samschde lancéiere mir hei um Eldo eng ganz nei Sendung: Se7en Till Eleven! An deem Kader hat de Chris den DJ Se7en am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

12 Joer laang steet den DJ Se7en schonn hannert dem Mëschpult. Zanter 2014 mécht hien dat och haaptberufflech. Ugefaangen huet alles mat enger Schnapsiddi an der Schoulbänk.

„Ech ka mech nach genau erënneren. Wéi ech eng Kéier an der Klass souz ass ee Schoulkolleeg bei mech komm an huet gesot: Ech hu mir esou e klengt Mëschpult kaaft, solle mir net en DJ-Duo starten? A well ech schonn ëmmer Musek mega gefeiert hunn, hunn ech gesot: Let’s go! An doraus ass elo dat heite ginn.”

Den DJ Se7en iwwert seng Ufäng!

100% elektronesch Musek – vun EDM bis Tech House, do ass de Se7en gäre mat dobäi! A senger Karriär huet hien dann och schonn eng ganz Partie grouss Momenter erlieft. Ënnert anerem huet hien op der After-Party vun der Berliner Fashionweek opgeluecht oder eng Tournée an Italie gespillt.

„Un een Electropia denken ech gär zeréck, wou ech mat Gréissten ewéi Afrojack, R3hab oder Wolfpack opgeluecht hunn. Dat si wierklech schonn zimmlech grouss Highlights aus menger Karriär.“

Den DJ Se7en iwwert d'Highlights a senger Karriär!

Nieft dem Nuetsliewen ass den DJ Se7en säit 5 Joer och bei eis um Eldo aktiv. Dir kennt hie sécherlech aus dem Event Navigator donneschdes owes. Vum 3. Abrëll u wäert hien dann awer och seng alleréischten eege Sendung hunn a bréngt iech doheem gutt duerch de Weekend a versuergt iech mat där beschter Party-Musek.

„ Also mir fänken ëmmer mat engem klenge Warm-Up un. An duerno geet et wierklech richteg virun, richteg a Richtung Party-Stëmmung. Vun der Musek hir hu mir wierklech vu bis mat dobäi. Et si wierklech nei Saache mat dobäi oder och emol al Saachen déi nei opgesampelt goufen. Vun Hip-Hop bis House ass alles mat dobäi.“

Den DJ Se7en iwwert seng nei Sendung!

Se7en Till Eleven heescht et deemno vun elo un all Samschden Owend vun 20:00 bis 23:00 Auer hei bei eis um Eldo. Zesumme mam DJ Se7en stelle mir sécher, datt dir net komplett aus der Übung kommt, bis d’Discoen erëm opginn.

RTL

© Eldoradio