Spannen, Schlaangen oder Clownen – quasi jiddereen huet eng Phobie! Mee viru wat huet d’Mënschheet eigentlech déi meeschten Angscht?

Lauschter hei!

Wéi wier et mat Arachnophobie! Tëscht 3,5 a 6% vun der Mënschheet hunn nämlech Angscht viru Spannen. Dat kann esouguer esou schlëmm ginn, datt net nëmmen d’Spann selwer, mee och Biller oder de Gedanken un eng Spann, Panik an Angscht ervirruffe kann. Dat selwecht gëllt och fir d’Schlaangen. Hei ass et esouguer méi schlëmm. Nämlech 1/3 vun all de Leit soll Ophidiophobie hunn.

Mee net nëmmen d’Schlaang an d‘Spann suerge fir Angscht. Wéi wier et mat Brécken oder enger Dach-Terrass? E bësse méi wéi 6% soen hei: Nee Merci! De Grond ass Akrophobie - d’Angscht virun Héichten. Wëssenschaftler ginn dovunner aus datt sech dës Phobie entwéckelt huet, well et net wierklech gesond ass vun héije Plazen erofzefalen – also hu mir geleiert esou Plazen ze vermeiden.

Mee net nëmme Saachen déi aktiv geféierlech kënne sinn, suerge fir Panik. Esou suergt och den Zänndokter fir Panik-Attacken a Schweessausbréch. Ongeféier 36% vun de Mënsche géifen d’Visitt beim Zänndokter  léiwer vermeiden. D’Etüd kënnt awer aus den USA, dat heescht et kéint sech heibäi och ëm d’Angscht virun der Rechnung handelen.

Den Zänndokter ass awer net deen eenzegen Dokter dee mir vermeiden. Op mannst zwou vun zéng Persoune vermeiden nämlech all Dokter deen eng Sprëtz parat huet. Hei geet et ëm d‘Angscht viru Sprëtzen. Déi heescht Trypanophobie. Mussen dës Persounen zum Beispill geimpft gi besteet d’Chance datt si an d'Gettë ginn.