Du décke Schwéngsert, e richtegen Hauli! Heiansdo kann ee sech einfach net zréckhalen. Fluchen ass awer net wierklech gutt ugesinn – léien awer och net!

Lauschter hei!

Fluchen ass en Deel vum deegleche Liewen, just net vum Aarbechtsliewen. Hei ass dat vläicht net esou gutt ugesinn. Dat obwuel fluchen eigentlech och positiv Effekter huet. Zum Beispill hu verschidden Etüden erausfonnt datt fluche Péng reduzéiere kann. Ausserdeem kann et en Zeeche vun héijer Intelligenz sinn.

En internationaalt Fuerscher-Team vun den Universitéiten Hong Kong, Stanford, Cambridge a Maastricht hunn awer weider Neiegkeeten. Leit déi fluche sollen nämlech méi éierlech sinn, wéi Leit déi net oder wéineg fluchen.

Am Kader vun der Etüd goufen e bësse méi wéi 270 Participante gefrot wéi dacks si fluchen. Ausserdeem hu se missten ugi wéi éierlech se sinn. Do war zum Beispill d’Fuddele bei Spiller oder d’Knäipen an der Schoul abegraff.

De Wëssenschaftler no ass d’Fluchen zwar schlecht ugesinn, mee et kann och e Beweis sinn datt een engem d’Wouerecht zielt. Reegt ee sech op a fänkt un wéi wëll ze fluche passt een net méi op wat ee seet, oder besser wéi een et seet. Et hëlt ee kee Blat méi virun de Mond! Hei besteet eng erhéije Chance datt et sech ëm d’Wouerecht handelt.