Eng enttäuschend Demonstratioun vun Disney déi Welten hannert Pixar's Soul humpelt.

Wéi mer all wëssen, Disney huet eng laang an erfollegräich Geschicht wat Animatiounsfilmer ugeet. 2D Klassiker wéi Mulan, Tarzan a Lilo & Stitch maachen e groussen Deel vu menger Kandheet aus an och méi rezent 3D animéiert Filmer déi net vu Pixar si wéi Moana oder Zootopia konnten op d'mannst mech nach iwwerzeegen.

Den neisten Disney Film Raya and the Last Dragon konnt deemno nëmme genau sou gutt ginn oder? Fir et an engem Wuert ze soen: Nee. A fir et an engem Satz ze soen: Raya and the Last Dragon weist menger Meenung no esou kloer wéi nach ni wou d’Ënnerscheeder tëscht Disney a Pixar leien.

Raya and the Last Dragon spillt an enger fiktiver Welt inspiréiert vu süd-ost asiatescher Kultur an de Plot ass simpel. Béis Monsteren, léif Draachen, 5 Länner déi sech net verstinn an d’Heldin vun der Story, d’Raya, dat d’Welt rette muss. D’Moral vun der Story an de generelle Message vum Film ass ee gudden: Vertrauen, Kooperatioun an Éierlechkeet sinn de Schlëssel zu all Probleem. Esou wäit, esou gutt, wou ass also de Probleem?

Raya and the Last Dragon ass warscheinlech déi flaachste Geschicht déi ech bis elo vun Disney gesinn hunn an ech hu Mulan 2 gesinn. Normalerweis probéieren ech net ze vill vun der Story ze ziele mee Raya and the Last Dragon erkläert d’Moral vun der Geschicht innerhalb vun den éischte 5 Minutten an et geschitt guer a glat näischt fir de Charakteren oder de Sujete vum Film iergendwéi méi Komplexitéit oder Nuancen ze ginn.

Am selwechte Stil sinn eenzel Zeenen an Dialoger iergendwou tëscht belanglos, onpassend a cringy well einfach alles esou offensichtlech ass. A Kombinatioun mat engem Animatiounsstil deen zwar wonnerschéin an detailléiert mee gläichzäiteg wéi komesch kannereg ausgesäit, *cough* *cough* My Little Pony Draachen *cough* *cough*, wierkt Raya and the Last Dragon op mech willkürlech zesummegeworf.

Mat Raya and the Last Dragon huet Disney genau de Géigendeel vun deem gemaach wat Pixar zum Beispill mat hirem leschte Film Soul gemaach huet. Wou Pixar ee simpelt Konzept hëllt an et dréint a kéiert fir Nuancen ze erfuerschen, huet Disney hei einfach nëmme Make-Up a Glitter iwwer d’Konzept geschmiert. Raya and the Last Dragon ass vill Glanz mee Substanz oder Subtilitéit huet de neisten Disney Film net wierklech ze bidden.