D'Marvel Cinematic Universe um klenge Schierm.

Wee no Avengers: Endgame a Spiderman: Far from Home net genuch vu Marvel huet a net waarde ka bis de Black Widow Film erauskënnt, fir dee kommen elo eng ganz Réi Serien eraus déi d’Marvel Cinematic Universe op dem klenge Schierm erweidere sollen. Déi éischt vun dëse Serien ass Wandavision an deem mer dem…. eeehhh... Wéi heeschen se scho méi? Ah richteg, dem Wanda an dem Vision hir Story Post-MCU verfollegen.

Déi 2 wichtegst Froen als éischt: Huet Wandavision wichteg Story-Deeler fir d’MCU am grousse Ganzen? Yes. Ass Wandavision e weidert Argument fir en Disney+ Abo? Yes

Ech wëll net ze vill iwwert d’Story vu Wandavision ziele well d’Serie e gudde Job mëscht wat Spannung ugeet. Zemools an der éischter Hallschent vun der Season weess een ni genau wat geschéie kéint an och zum Schluss hin huet Wandavision ee puer interessant Iwwerraschungen. Ech muss zouginn dass ech d’Wanda an de Vision an de Filmer net wierklech gären hat well se genuch Zäit krute fir hir Charakteren ze developpéiere mee d’Serie huet dat op d'mannst fir mech elo bal komplett gedréint. Zemools d’Wanda ass elo en interessante Charakter deem seng Aktiounen een elo endlech novollzéie kann.

Wat mech awer am meeschten iwwerrascht huet ass wéi originell Wandavision a senger Ästhetik ginn ass.

D’Serie geet am Kontext vun der Story duerch verschidde Phase vu Sitcom Serie, vun de 50er bis an 2000er, an ass zimmlech erfollegräich doranner d’Stiler vun de respektive Joerzéngten ze imitéieren. Et ass iwwerraschend kreativ, eppes wat ech mer vun enger Marvel Serie net onbedéngt erwaart hat an et gëtt en plus am Kontext vun der Story erkläert. Klassesch Marvel Zeenen sinn natierlech nach ëmmer mat vun der Partie fir déi Leit déi einfach méi am Stil vun de Filmer wëllen.

Wandavision ass een iwwerraschend kreative Start fir d’Marvel Serien op Disney+ a bréngt zwee vun de manner behandelte Charaktere vun de Filmer an de Virdergrond. Et gesäit also villverspriechend fir Marvel aus an ech si gespaant, wéi déi nächst Serie wéi Falcon and the Winter Soldier ausfalen.