Eng vun de beschte Comedy Shows ass elo op Netflix.

D’Chappelle’s Show huet vun deem wat ech gesinn hunn e gewëssene Status. Entweder et weess een einfach net wien den Dave Chappelle ass oder en ass eng Legend vun der Comedy Industrie, et schéngt net vill dotëscht ze ginn. Dëst ass nach méi de Fall fir d’Chappelle’s Show, d’Sketch-Comedy Serie déi an den 2000er erauskomm ass an zënter deem als näischt aneres wéi ee vun den All-Time-Greats gesi gëtt.

Firwat schwätzen ech vun enger Comedy Show déi viru 14 Joer erauskomm ass? 2 Grënn, éischtens well Chappelle’s Show wierklech ESOU gutt ass an zweetens well déi 2 Seasons vun der Show elo op Netflix sinn.

Hei ass ee bësse Kontext néideg: Den Dave Chappelle an d’Netzwierk Comedy Central ënnert deem d’Show erauskomm ass haten eng wuel bekannte Geschicht u Konflikter matenee wat Terme vum Kontrakt uginn wouropshin de Chappelle ronderëm 2006 méi oder wéineger ënnergetaucht ass. Dem Chappelle seng Karriäre war awer nach laang net um Enn well no méi wéi engem Joerzéngt ass de Comedian mat senge neie Stand-Up Specials op Netflix erëm an der Industrie ageschloen an huet fir all seng Specials Grammy Awards gewonnen. Dësen 2. “Rise to Fame” huet dozou gefouert dass de Chappelle anscheinend fair vu Comedy Central bezuelt gouf fir seng Show déi elo op Netflix ass.

Netflix bitt elo déi relativ interessant Experienz dass een dem Dave Chappelle säin Talent zu zwee verschiddene Momenter vu senger Karriär ka gesinn. Ech hu mëttlerweil béid d’Chappelle’s Show a seng nei Specials bestëmmt eng hallef Dose mol gesinn a munch Saachen hu sech net geännert. De Chappelle verbënnt poignante politesche Kommentar mat sengem iwweragenden Talent fir Story-telling a Comedy a kraazt konstant un der Linn tëscht Satir a Geschmacklosegkeet. Mee Zäit huet awer seng Spueren hannerlooss an Ënnerscheeder sinn och ze gesinn. D’Chappelle’s Show als Sketch Comedy ass trotzdem bäissende Kommentar méi onbeschwéiert mat Charaktere wéi dem Tyrone Biggums oder dem Silky Johnson. De Chappelle a senge spéide 40er huet am Verglach méi oft kontemplativ Momenter wéi zum Beispill de Special an deem hien iwwer de Mord vum George Floyd an d’Black Lives Matter Protester schwätzt.

Et ass absolut faszinéierend eent vun de gréisste Comedy Talenter vu senger Generatioun mat 2 verschiddene Stiler ze gesinn a wann der nëmmen e bëssen eppes fir Stand-Up Comedy iwwreg hutt, ass d’Chappelle’s Show a seng nei Specials ee MUSS.