Mer ginn eigentlech iwwerall vu Reklammen an dem Drang ze kafen, iwwerfall. An da gëtt een och ëmmer nees schwaach. Ma esou kënnt der dat verhënneren:

"30 Deeg" Regel

Brauch ech et wierklech, oder gefält et mer just? Besonnesch bei Saachen déi eng Grëtz méi deier sinn, wéi zum Beispill enger nei Tëlee, enger Couche, oder och engem neien Museksinstrument, lount et sech als Éischt doriwwer nozedenken. Dofir soll ee sech bei deiere Saachen 30 Deeg Bedenkzäit ginn ier een dann zouschléit. Wann een et och dann nach ëmmer wierklech brauch, sinn d'Suen och richteg investéiert.

Cash oder Wuer?

Der sidd an engem Buttek. An der wëllt iech eppes kafen. An och wann äre Bankkonto et géif erlaben dofir Suen auszeginn, freet e sech natierlech och ëmmer wann e verschount gëtt. Fir erauszefannen ob der dat wierklech braucht, stellt iech fir der géingt an der enger Hand dat hale wat der kafe wëllt, an an der anerer de Wäert vun dësem a Form vu Cash. Frot iech wat der léiwer hätt. Wann äert Häerz beim Boergeld méi séier schléit, da loosst är Kaart léiwer am Portmonni.

"10 Sekonne" Reegel

Eng weider Reegel déi ganz vill bewierke kann, an ee virun allem beim Impuls-Shopping bremst! Wann der am Buttek stitt, an eppes kafe wëllt, haalt et 10 Sekonnen ganz bewosst am Grapp a kuckt iech et un. Wann der och duerno nach iwwerzeegt sidd, dass iech den Artikel gefält, ass de Risiko effektiv méi kleng, dass der et herno bereit e kaaft ze hunn.