Duerch d'Pandemie hu mer eis op Alternative fir Kontakt ze hale konzentréieren. Mee wat ass eigentlech besser: mat anere schreiwen oder per Video uruffen?

Mat der Fro wéi eng Form vu Kontakt eis am Beschten deet elo an der Pandemie, hu sech Fuerscher vun der Universitéit Duisburg-Essen beschäftegt.

D'Pandemie huet eis a ganz ville Lage vum Liewe gezwongen ëmzedenken. Ma besonnesch wann et drëms geet mat Leit Kontakt ze halen, déi net an eisem Stot liewen. Oder Frënn a Famill déi am Ausland liewen oder studéieren. Gottseidank hu mer duerch den Internet a modern Technologie direkt e puer Méiglechkeeten zur Auswiel. Am meeschte schreiwe mer mat anere Leit, oder ruffe via Video un. Ma wéi eng Form vu Kommunikatioun gëtt eis da méi d'Gefill deem aneren No ze sinn?

Lauschtert hei eran!

Wann der iech denkt, dass et einfach de Videocall muss sinn: Nee! Videocalls erfëllen zwar méi verschidde Sënner, well mer déi aner Persoun héieren a gesinn, ma sinn awer opwänneg. Et muss een Zäit hunn, et muss ee kucke wou ee sëtzt (am Beschten no bei enger Steckdous, an optimaler Wifi-Verbindung), an et muss een och eenegermoossen okay ausgesinn. Ausserdeem, esou d'Fuerscher, géif d'Telefonéiere mat Video gären ee Verlaangeren ausléisen. Duerno déi aner Persoun och wierklech ze gesinn, an den Aarm ze huelen, an och einfach nees dobaussen ze sinn.

Beim chatte géif dat net esou geschéien, well een sech eeben net gesäit. Mee net eleng dowéinst ass d'Online-Schreiwe besser fir d'Gefill engem aneren no ze sinn. Well d'Chatte manner Zäit hëlt, kann ee méi a mat verschiddene Leit schreiwen. A sech besser ob déi eenzel Informatiounen konzentréieren déi ee matgedeelt kritt. Dat séiert an deels méi ausféierlecht reagéiere beim schreiwe, géing eis doduerch d'Gefill ginn, dass déi aner Persoune ganz no un eisem Alldag dru sinn.